Dir kënnt eis op den folgenden Plattformen fannen, op deenen ëmmer déi aktuellsten News an Events ze fannen sinn:
GamingCafé & Events
videogames.lu organiséiert bal all Mount Evenementer. Hei kënne Leit zesummekommen a spillen. D’Entrée as gratis an et gëtt Iessen an Gedrénks zu soziale Präisser.
Wat ass de GamingCafé?
Et ass een Event vu videogames.lu, vu Gamer fir Gamer all Mount zu Lëtzebuerg. Op dësem Event gi Konsolen mat Spiller ugebueden, déi fräi gespillt kënne ginn, mee et ginn och nach Turnéieren, Challenges, Briet- a Kaartespiller, … fir Oofwiesslung ass gesuergt. D’Zil vum Event ass et, de Gamer aus dem Land eemol de Mount eng Platz kennen offréieren, wou se zesummen komme kënnen fir zesummen ze spillen, awer och fir sech einfach ze treffen.
Kooperatiounen
videogames.lu wëll d’Gaming Community a
Lëtzebuerg zesummebréngen. Dofir ass eis
d’Zesummenaarbecht mat Partneren aus
dem Beräich wichteg. Kontaktéiert eis gären!
Mir haten bis elo ënnert anerem Kooperatiounen mat:
iHelef, Sweetspot, We Live Games, e-Sport Lëtzebuerg, Geeks Life Luxembourg, Team Lëtzebuerg, 11F, FLES, LESF, Rotondes, Spillfabrik, Social Gaming Luxembourg, Le Réservoir, …
Eis Geschicht
2014 – D´Entwécklung vum GamingCafé
Dat éischt Event gouf am Joer 2014 zu Koplescht organiséiert.
Dëst Treffen war d’3-Joer Feier vu videogames.lu. Virdrun war “videogames.lu” eng Website mat Forum. Deemols koumen eng 20 Leit zesummen fir 3 Joer videogames.lu ze feieren. Déi deemoleg sougenannten “VGLU Crew” huet sech zënterdem ëmmer rëm Gedanken gemaach, fir Events ze organiséieren fir d’Leit aus hir Gaming-Zone doheem erauszelacken an ënner Leit ze bréngen. Iwwer d’Joren sinn ëmmer méi Leit op Koplescht an d’Kulturhaus komm, sou dass de GamingCafé dono am Wirtspesch stattfonnt huet, fir méi Leit ze empfänken an hinnen e méi flott Erliefnis bidden ze kënnen.
De GamingCafé – Net nëmmen Gespills!
Och wann et sech beim GamingCafé nëmmen em temporär Events all Mount handelt, bidd videogames.lu nët nëmme Spiller, mee och Iessen a Gedrénks zu soziale Präisser un. De GamingCafé ass dofir och eng flott Plaaz, fir sech ze treffen an dobai an d’Gaming Szene eranzeschnupperen.
Impressiounen
All eis aktuell Fotoen fannt der op eiser Facebook Säit