Fighting Game Community

De Fighting Corner

Alles iwwer Fighting Games. De Fighting Corner ass deen Eck am GamingCafé, dee sech haaptsächlech mat Kampfspiller befaasst. Street Fighter, Tekken, King of Fighters, Guilty Gear, Soul Calibur etc., all Kampfspill gëtt vun der Lëtzebuergescher Fighting Game Community gespillt egal ob New Stuff oder Retro.

De Fighting Corner organiséiert reegelméisseg Turnéiere fir verschidde Kampfspiller, wou déi Bescht vum Land d’Méiglechkeet kréien géinterneen unzetrieden. Mir freeën eis awer och ëmmer, wann Ufänger matmaachen. D’Turnéiere si fir jiddereen zougänglech, egal wéi den Niveau ass.

Kompetitioun ass wichteg, mee mir scheien awer och net zeréck fir et am Fighting Corner méi relax ze gestalten. Virun an no den Turnéieren ass jidderee wëllkomm fir matzezocken. Mir proposéiere sämtlech Konsolen a bidden eng vast Diversitéit vu Spiller un.

Kommt laanscht a fight mat!!