GamingCafé September 2017 Update Post 1# : Injustice 2 Tournament!

Posted on Leave a commentPosted in News

Fir dëst Editioun vum GamingCafé gëtt en Injustice 2 Turnéier organiséiert. Mir tauchen an d‘Welt vun DC Comics an d‘Injustice timeline, wou alles op d’Kopp gesat ginn ass.

De Superman ass duerchgedréint an de Brainiac gräift grad d’Äerd un. Elo brauche mir e Superheld oder Superschurke fir dat alles zum Gudden oder zum Schlechten ze wenden.

D’Umellung ass um 19:00, sur place, an den Turnéier fänkt, wéi gewinnt, um 20:00 un. Natierlech wäerten all DLC Charktere dobäi sinn a fir flott Präisser ass och gesuergt.

Fir all weider Informatiounen kennt der och an eisem Facebook-Event laanscht kucken: GamingCafé September 2017!

Gitt äert Bescht a wa Froe sinn, hannerloosst eis roueg e Kommentar.

Kommt laanscht a spillt mat!

D´Crew vu videogames.lu zesummen mat Dragon Burst Unite.

Di nächst GamingCafée vum Joer 2017

Posted on Leave a commentPosted in News

 

Mir presentéieren Iech haut Datumer vun de GamingCafée bis zum Schluss vun dësem Joer!

De 19. August steet och erëm virun der Dier a grad ewéi di zukünfteg Datumer halen mir Iech hei an op eisem Facebook-Site emmer up-to-date wat mer fir Special Events eis fir Iech afalen gelooss hunn!

Ewéi gewinnt gëtt och fir all GamingCafée ee Facebook-Event opgemaach, wou der eis och direkt kennt Froen stellen oder aktiv no enger Fuergemeinschaft sichen.

Mir verlinken Iech hei och nach eng Kéier d´Facebook-Event vum GamingCafé August, deen dësen Samschden, den 19. August stattfënnt.

Kommt laanscht a spillt mat! 🙂

D´Crew vu videogames.lu

GamingCafé August 2017 – SmashCamp – Update Post #1:

Posted on Leave a commentPosted in News

 

Dëst Joer gëtt et keng Summerpaus! Trotz den héijen Temperaturen hu mir ons entscheet eng “light” Versioun vum GamingCafé ze maachen.

“Light” bedéit, dass ons Setups vun Iech an der Community matbruecht ginn. Dir wollt schon ëmmer eng Konsol oder e Spill matbréngen an der Community weisen? Dann ass am August de perfekten Zäitpunkt dofir! Brietspiller si weiderhin um RDC.

Wéinst der grousser Nofro vun der Smash Community, starte mer am August och de SmashCamp, méi Informatiounen op
http://videogames.lu/gamingcafe-smash-camp/ <
Domadder gëtt den éischte Stack souzesoen zum Fighting Floor, well hei ausserdeem Street Fighter IV um Programm steet!

Posted on Leave a commentPosted in News

GamingCafé Juli 2017 Update Post #4 – Tricky Towers

Gläich ass et souwäit wann den Samschden um 18h Dieren opginn, dann ass et Zäit fir ze zocken. Ee Contest hunn mer awer nach ze annoncéieren!
Op der Ps4 um Rdc Spille mer des Kéier Tricky Towers 1v1 am Survival modus. Probéier en mei stabillen Tuerm ze baue wei äre Géigner, oder baut schnell an d’Luucht fir un Magie ze kommen déi dir hëlleft oder dengem Géigner schued.

Umeldung ass ab 18h un an de Contest geet um 19h un. Vue dass et nëmmen op enger Statioun gespillt gëtt, leeft dat ganzt mat single elimination a Best of 3! De Spaass soll hei am Virdergrond stoen, dat heescht et ginn deen een oder anere Sloppy souwéi Gedrénks och verspillt.

 

Wien ass dann hei een Tetris Spezialist? Dëse Samschden den 22. Juli kënnt der dat um GamingCafé zu Koplescht beweisen!

 

D’Crew vu videogames.lu