GamingCafé Highlights – 11. Mäerz 2017
Den 11. Mäerz 2017 hate mir een vollen GamingCafé! 140 Leit waren zu Koplescht fir bei den Events ewéi dem Dead or Alive 5 Turnéier, de Link´s Crossbow Challenge a fir Nintendo Switch um zweeten Stack unzetesten an ze spillen.
Mir presentéieren Iech hei ewéi gewinnt nees ee GamingCafé Highlights Video, wou mer di beschte Fotoe vum Owend weisen:
Den nächsten GamingCafé wäert eréischt am Mee sinn, well am Abrëll hu mer eppes gaaanz Besonnesches fir Iech: Gameland 2017 gëtt zesummen mat eise Frënn vu We Live Games organiséiert an dat während 48 Stonnen laang!
Hei kennt der Facebook-Event Iech schonn ukucken: https://www.facebook.com/events/23535…
De Site vum Gameland: http://gameland.live/
Méi Informatioun zum Gameland kommen di nächst Woch och hei um Site no 😉
Komm laanscht a spill mat!
D’Crew vu videogames.lu