Zesumme Spillen

Map Unavailable

Date/Time
Date(s) - 30. Mar 2019
14:00 bis 23:00

Location
Sport a Kulturcenter Bous

Categories No Categories


“D’Kulturkommissioun Bous organiséiert Samschdes den 30. Mäerz am Bouser Sport- a Kulturzenter onst Event “Zesumme Spillen!”

“Zesummen” gëtt bei ons grouss geschriwwen! Well den 30. Mäerz ass jiddwereen invitéiert, ob jonk oder al, ob Brietspiller oder Videospiller, ob Wierfelen oder Kaarten, fir bei ons laanscht ze kommen – a virun allem – zesummen ze kommen. Kräfteg ënnerstëtzt gi mir bei der Saach vu videogames.lu, Social Gaming Luxembourg a Ludoland Dudelange.

Zwar ass e grousse Choix vu Spiller, sief traditionell oder virtuell, sur place, mee dir dierft ganz gären är eege Spiller matbréngen. A wann der scho laanscht kommt, da bréngt är Kanner, Grousselteren, Elteren, Geschwëster, Cousine, Tattaen, Monnien an al är Kollege mat! Mir freeën ons schonn drop!”

 

https://www.facebook.com/events/2058146757781687/

Leave a Reply