Mario Kart ass eent vun de Spiller déi ëmmer an ëmmer erëm op eisem GamingCafé zu Koplescht gespillt gëtt an duerch de Switch Hype hu mir vu videogames.lu eis mol geduecht, wisou hoste mir net och emol Turnéier-Gruppen am Spill fir eis Community och online zesummen ze halen!
Mir presentéieren Iech hei 2 Gruppen, wou der Iech ëmmer géint aner lëtzebuergesch Spiller duelléieren kënnt :
- videogames.lu Battle Grupp, wou der kennt géint- an mateneen Battles fueren:
- videogames.lu Races Grupp, wou der kennt géint- a mateneen Coursen fueren:
Du bass intresséiert matzespillen, dann géi an den Online Modus an gëff bäi den Turnéieren de jeeweilege Code am Spill an, an domadder bass de dobäi!
Sollt der eng Kéier Loscht hunn fir mat eis ze spillen an dir fannt de Moment grad keen an der Grupp Online, da kommt eng Kéier op eisen Discord Channel a frot no fir mateneen ze spillen: https://discord.gg/QM2H6J9. Et ass och een Mario Kart 8 Deluxe Channel dorobber 😉
Opgrond vun enger Ëmfro, di mer 1 Woch nom Release vun Mario Kart 8 Deluxe erauskomm ass, huet Majoritéit sech dofir entscheet, dass mer Freides an Samschdes Owes ab 20 Auer eis emmer am Discord an an der Turnéiergrupp treffen fir mateneen ze spillen.
Sou ee Ranking gëtt vum Spill ëmmer 1 mol pro Woch reset. Dowéinst notze mir och eise Site, fir eng Gesamtwertung opzebauen, di mer wöchentlech fir Iech och hei updaten. Op eisen Facebook-Site lueden mir och Woch fir Woch di wöchentlech Ranking erop!
D´Gesamtwertung vun der videogames.lu Battle Grupp:
>
Platz: | Numm: | Land: | Punkten: |
1 | Pingu | LUX | 432 |
2 | BrenDan | LUX | 345 |
3 | BenDK | LUX | 329 |
4 | Sam | LUX | 267 |
5 | Tworic | LUX | 140 |
6 | Bowske | DEN | 137 |
7 | jeromecj | GER | 93 |
8 | Kiwibomm | LUX | 78 |
9 | Fränk | LUX | 76 |
10 | Black Star | LUX | 63 |
11 | Reaper | LUX | 60 |
12 | DSaurier | LUX | 56 |
13 | Jewes | LUX | 3 |
14 | dahma138 | LUX | 1 |
D´Gesamtwertung vun der videogames.lu Races Grupp:
Platz: | Numm: | Land: | Punkten: |
1 | BenDK | LUX | 461 |
2 | Pingu | LUX | 426 |
3 | Bowske | DEN | 372 |
4 | Sam | LUX | 325 |
5 | BrenDan | LUX | 269 |
6 | Reaper | LUX | 169 |
7 | Kexo | LUX | 161 |
8 | Black Star | LUX | 144 |
9 | jeromecj | LUX | 108 |
10 | Tworic | LUX | 66 |
11 | Kiwibomm | LUX | 50 |
12 | DarkDragon | LUX | 48 |
13 | Jewes | LUX | 48 |
14 | Homer | LUX | 40 |
15 | Andreiro | LUX | 3 |
16 | Rikki | LUX | 3 |
17 | Jilchen | LUX | 3 |
18 | Logic1G | LUX | 2 |
Leschten Update vun den Tabellen: 6. Juni 2017 um 21:48
Mir kucken eis elo un wéi sech dat ganzt während den nächsten Wochen entwéckelt an kennen Iech dann duerno weider Informatiounen dozou ginn wat et bréngt, fir op den éischte Plaatzen ze stoen 😉
D´Crew vu videogames.lu