Stempel-Kart (WIP)

Stempel-Kaart

Dës Page gëtt all Mount geupdate fir déi eenzel Events ze erkläre wou der matmaache musst fir är Kaart ze fëllen a méiglech Präisser ze gewannen!
De Projet ass nach ëmmer “work in progress” well mer Detailer nach ausschaffe mussen, den zweeten Test maache mer de 17ten Juni!

GamingCafé 17ten Juni Contests

Smash op der Wii U – Battle Royale  8-Player (RdC)

Tekken7 op der PS4 (Fighting Corner/1te Stack)

Arms fir Switch (2te Stack)

Em wat geet et?

Dir kënnt bei der Kees um GamingCafé eng Kaart kréien wu 5 Kategorien drop stinn, wou der jeeweils ee Stempel sammele kënnt (oder Ënnerschrëft fir de Moment).
dir kënnt a folgende Kategorien e Stempel kréien:

 

Rez-de-chaussée

Hei kënnt der entweder beim Free-Play matmaachen, Boardgames spillen, oder bei engem Event maat maachen deen do gehost gëtt.

 

Eischte Stack:

Hei fann der Retro Konsolen, de Fighting Corner, an heiansdo loossen sech och verschidden PC-Communities blécken. Egal wou der matmaacht, Participatioun geet duer fir hei äre stempel ze kreien!

 

Zweete Stack:

Hei gëtt oft Smash gespillt, mee mëttlerweil benotze mer d’Plaz fir nei Spiller op der Switch ze presentéiere souwéi eenzel Turnéier oder Contests ze pushen.

 

Kategorien

Weiderhi kenn der Stempelen a verschidde Kategorië kréien:

Contest: Mir hun normalerweis op all Stack en Event bei deem der matmaache kennt, op dat e Contest eng Challenge oder en Turnéier ass, Participatioun geet duer fir en stempel ze kréien!

Free-Play: Spillt eng ronn mat Frënn oder neie Gesiichter (egal wou!)

Community: Fannt eng oder mei Gruppe vun eise Partner, an dir kritt en Punkt!

 

 

Fir weider Froe si mir op der Plaz och ëmmer available!

Mir wënschen nach vill Spaass, an net vergiessen:
Spill matt!