Rocket League 3v3 Umeldung

Mir hosten um Gameland 2 en Rocket League Turnéier am 3v3 Format mat Double-Elimination.

Mir hunn 8 Teams virprogramméiert, wat zäitlech gesinn am beschten opgeet. Wann vill méi Teams sech umelle musse mer kucken op mer méi Slots fräi kréien. Soss gëllt first come first served.

Während mir Iech d’Setups bereetstellen, wier et gutt wann der Headset/Maus/Keyboard/Kontroller selwer matbréngt, sos muss der op enge vun eise Backups zeréck gräifen.

Du wiers Interesséiert do mat ze maachen, da mell dech ënnen un!

[KLICK HEI] – Umeldung