[Crew Talk] LetzGame

Posted Leave a commentPosted in News

Enn 2016 huet sech hei am Land eng nei Gaming Community mam Numm LetzGame gegrënnt. Mat dem Projet “Rocket League 2vs2 Pro Season”, di zënter dem 9. Januar mat 18 Equippen aus dem Land gestart ass, huet LetzGame däitlech gema, wou si an Zukunft nach wellen sech hei am Land etabléieren.

Mir vu videogames.lu sinn ëmmer oppen fir och esou neien Community Hand ze reechen an presentéieren Iech an dësem Crew Talk eng Art Interview,  wou eise Black Star 2 Leit aus hirem Staff Froen gestallt huet.

Ënnerstëtzt och si a kuckt eng Kéier laanscht op hierem Site a loosst ee Like op hierem Facebook Site!

D’Crew vu videogames.lu

Reboot vun eisem Site!

Posted Leave a commentPosted in Uncategorized

De Site videogames.lu ass nees back!

Nodeems mir mat eisem Site iwwert Chrëschtdeeg Problemer haten hunn mer dat neit Joer och genotzt fir de Site ze erneieren an méi simpel fir Iech ze maachen. Während de nächste Wochen kommen nach di eng oder aner Saachen hei no a mir hoffen dass Iech de neien Format vu videogames.lu gefält!

Mir soen op dëser Platz ee grousse Merci un eis Frënn vun LetzGame, di eis bei dem Informatiker-Deel vill gehollef hunn!

D’Crew vu videogames.lu