GamingCafé Februar 2017: NES Remix 2 Challenge!

Posted Leave a commentPosted in News

Mir bleiwe bäi Retro op dësem GamingCafé a proposéieren Iech eng Challenge, di vun 18 bis 24 Auer méiglech ass. Är Zil soll et si fir de beschte Score am NES Remix 2 Championship Mode ze realiséieren.

Dëse Championship Mode besteet aus 3 Aufgaben, di mer Iech hei erklären:

1) Sammel 50 Mënzen a Super Mario Bros. 1,
2) Sammel 25 Mënzen a Super Mario Bros. 3,
3) Pack souvill vun Aufgabe bäi Dr. Mario bis dass deng Zäit eriwwer ass.

Dir hutt 6 Minutten an 21 Sekonne vum Spill ze gutt fir den Highscore opzestellen a logescherweis, wat der méi schnell duerch di 3 Aufgaben duerch kommt, wat der ee bessere Score um Enn hutt.

Fir wien dat alles elo chinesesch geklongen huet verlinken ech einfach nach ee Video hei, wou de Challenge Modus presentéiert gëtt.

Sidd der prett des Challenge unzehuelen? Dann kommt dëse Samschden, den 11. Februar op de GamingCafé Februar 2017 zu Koplescht!

D’Crew vu videogames.lu

GamingCafé Februar 2017: Tetris 1v1 Battle!

Posted Leave a commentPosted in News

Nodeems mer jo virun enger Zäitchen eise Smash 64 Event annoncéiert hunn, hu mir vu videogames.lu geduecht dass mer de GamingCafé Februar bëssi méi am Retro Flair ofhalen: Mir annoncéieren haut och ee klengen Tetris 1v1 Battle, wou der Iech bis 20 Auer nieft dem Comptoire aschreiwe kennt.

Bei dësem Battle geet et drëms fir an engem Best of 3 géint 1 zoufällege Géigner den Tetris Hype nees opliewen ze loossen. Well mer net wësse wéifill Leit dobäi sinn, bleiwe mer bei Single Eliminatioun. Genau wei beim Smash 64 Event soll hei de Spaass am Virdergrond stinn, dat heescht et ginn deen een oder anere Sloppy souwéi Gedrénks och verspillt.

Wien ass dann hei een Tetris Spezialist? Dëse Samschden den 11. Februar kennt der dat um GamingCafé Februar 2017 zu Koplescht beweisen!

D’Crew vu videogames.lu

 

GamingCafé Februar 2017: Smash 64 Event!

Posted Leave a commentPosted in News

Nodeems mir jo nom GamingCafé Dezember eng kleng Ausernanersetzung tëschent dem Madsplay an der Smash Community haten, huet hien eis ugeschwat op hien net kéint een Smash Turnéier à la Madsplay Rules kéint organiséiere.

Wat sinn Madsplay Rules? Ma ganz einfach, de Madsplay ass een Gamer, deen mat Super Smash Bros. op der Nintendo 64 opgewuess ass. Do gouf et eppes wat ëmmer ugeschalt war an an de rezenten Smash Spiller um kompetitiven Niveau meeschtens ausgeschalt ass: Items. Grad esou ass de Format net méi 1 géint 1. Et spillen 4 Leit géintenee, fir de gewëssen Flair vum Smash hierzestellen.

Umeldung vun dësem Event ass vun 18 bis 20 Auer den 11. Februar zu Koplescht um GamingCafé selwer. Hei nach de genauen Iwwerbléck vun de Spill Astellungen:

-Gespillt gëtt am “Vs Mode
-Rule:  Time
-Time: 5 Minutte
-VS Options:  Handicap: OFF, Team Attack: OFF, Stage: Select: ON, Damage: 100%, Item Switch: Appeareance: Middle an all Item: ON.
-Maps sinn all erlaabt. Fir de Spaass ze pushen gëtt während de 2 Partien Random gewielt.
-Charakteren sinn all spillbar.
-N64-Kontrollere wäerten sur Place sinn, wien awer nëmmen Smash64 mat sengem eegen am beschten spillen kann, kann deen och selwer matbréngen. 😉

Pro Ronn spillt dir 2 mol 5 Minutten géint är 3 Géigner. Zwëschent de Partien gëtt 2x och Resultat vum Kill-Death Ratio opgeschriwwen. Am Fall vu Gläichstand tëschent Platzen 2 an 3 gëtt eng Drëtt Ronn gespillt. Di 2 Bescht kommen an eng Winnergruppe virun, di 2 Lescht kommen an eng weider Loosergruppe virun wou se nach kennen virun spillen. Dëse System gëtt bäibehalen just dass eben bäi der Loosergruppe dann di 2 lescht vun Ronn 2 dann endgülteg aus dem Event falen. Et kann een also indirekt vun enger Double-Elimination schwätzen.

Laut Madsplay ginn et an dësem Turnéier keng Präisser. Et wäert em d’Wurscht goen aka em Zitat: “Spill, Spaass an Éier”. Mir vu videogames.lu wäerten trotzdem während dem Owend nach un di Bescht Smash 64 Spiller Iess- a Gedrénksbongen e puer verspillen.

Dir hutt virun 18-20 an nom Turnéier och d’Méiglechkeet fir bei enger klenger Challenge deelzehuelen: Am Bonus Pratice 1 muss der mam Charakter Pummelluft Scheiben zerstéieren. Opschreiwungs-Blierder wäerten virun der Statioun leien. Wien di beschten Zäit hikritt gewennt och nach eng Kéier Iess- a Gedrénksbong 😉

Bei weider Froen stinn mir zu ärer Verfügung 🙂

D’Crew vu videogames.lu

[vglu spillt] Paper Mario feat. Cyan

Posted Leave a commentPosted in News

Nodeems mir am September 2016 den Opruff am Projet Super Mario 64 gema haten,  dass Community och bei eis kann hier Lieblingsgame presentéieren huet sech als éischten de Cyan, ee vun den treisten Besicher um GamingCafé,  bei eis gemellt mam Spill Paper Mario 64.

No laanger Aarbecht hu mir dunn den 25. Januar  op Youtube Gaming ee Livestream vun iwwert 6 Stonnen ofgehalen, wou den Cyan eis seng Passioun vum Spill ënnert Beweis gestallt huet. Dir erlieft ee passionéiert Gamer, deen d’Spill bis an dat klengsten Detail kennt. Kommentéiert gëtt dat ganzt och nach vum Black Star a BenDK aus der Crew.

Mir soen dem Cyan ee Grousse Merci, dass dëse Projet sou gutt ofgeschloss gouf a wanns du och een passionéierte Gamer bass deen een Spill gären zesummen mat videogames.lu Speedrunnen oder éischter Let’s Playen well dann schreif eis hei an de Kontakter un 🙂

D’Crew vu videogames.lu

[Crew Talk] LetzGame

Posted Leave a commentPosted in News

Enn 2016 huet sech hei am Land eng nei Gaming Community mam Numm LetzGame gegrënnt. Mat dem Projet “Rocket League 2vs2 Pro Season”, di zënter dem 9. Januar mat 18 Equippen aus dem Land gestart ass, huet LetzGame däitlech gema, wou si an Zukunft nach wellen sech hei am Land etabléieren.

Mir vu videogames.lu sinn ëmmer oppen fir och esou neien Community Hand ze reechen an presentéieren Iech an dësem Crew Talk eng Art Interview,  wou eise Black Star 2 Leit aus hirem Staff Froen gestallt huet.

Ënnerstëtzt och si a kuckt eng Kéier laanscht op hierem Site a loosst ee Like op hierem Facebook Site!

D’Crew vu videogames.lu