GamingCafé Mäerz: Link’s Crossbow Challenge

Posted on Leave a commentPosted in News

 

De Moment sidd der jo wahrscheinlech alleguerte schéi brav umgaangen d’Welt vu Breath of the Wild ze erkunden. Vu dass leschte Kéier NES Remix Challenge och sou gutt ukomm ass hu mer eis geduecht, wisou net eng weider Challenge Iech ze offréieren: Link’s Crossbow Challenge.

Ab 20 bis 22 Auer hutt dir 1 Training, souwéi 2 Versich jeeweils ze gutt fir äert Kennen ënnert Beweis ze stellen an di meeschte Punkten ze Score an deenen 3 Beräicher vu Level 1. Op de Gewënner waart och ee flotte Präis et lount sech also matzemaachen!

Bäi weider Froe kuckt eng Kéier laanscht an eisem Facebook Event!

D’Crew vu videogames.lu

GamingCafé Mäerz 2017: Dead or Alive Turnéier

Posted on Leave a commentPosted in News

Nodeems et leschte Mount e bëssi méi roueg am Fighting Corner war huet d’ Dragon Burst Unite Community eis gefrot ob sie nees een Turnéier kéinten Organiséieren an zwar ee Spill wat mer bis elo nach net als Turnéier Thema haten: Dead or Alive 5 – Last Round!

Wien sech an deem Spill duelléiere well, dee kann dëst den 11. Mäerz um GamingCafé zu Koplescht maachen! Umelle kennt der Iech vun 18 bis 21 Auer an ab 21 Auer géif Turnéier dann am Fighting Corner stattfannen.

Déi konkret Reegele:

  • Ronnen: 2
  • Zäitlimit: 99 sec
  • Best out of 3
  • Double Elimination
  • Stagewahlt: Schnick, Scnack, Schnuck
  • Winners Finals, Losers Finals and Grand Finals : Best out of 5
  • Banned Stages: Lorelei/Halloween Lorelei: 1; Lost World; The Ends of Earth an Dangerzone: Off
     
    Fir flott Präisser ass natierlech och erëm gesuergt.

Bäi weider Froen kuckt eng Kéier an eisem Facebook-Event laanscht 😉

D’Crew vu videogames.lu

Wëllkomm um Discord!

Posted on Leave a commentPosted in News

Opgrond dass eisen Teamspeak Channel zënter enger Zäitchen net méi disponibel ass, hu mir vu videogames.lu eis spontan entscheet en eegenen Discord Server ze starten, wou eis Community Méiglechkeet huet mateneen ze spillen: https://discord.gg/QM2H6J9

Dësen Discord Channel ass vir jiddereen zougänglech a wäert och fir zukünfteg Online Turnéiere gebraucht ginn!

Mir probéieren de Problem och mat Teamspeak ze léisen, mee vu dass deen och net eis alleng just gehéiert ass dëst eng méi laang Prozedure. Mir soen Iech Merci fir äert Versteesdemech!

Komm laanscht a spill mat!

D’Crew vu videogames.lu

GamingCafé Mäerz 2017: Nintendo SWITCH!

Posted on Leave a commentPosted in News

Den 3. Mäerz bréngt Nintendo jo hier nei Konsol op de Marché: Nintendo Switch!

Wann alles bäi eis mat der Virbestellung bei eise Crew Membere riicht leeft, wäerte mir den 11. Mäerz um Zweete Stack am Kulturhaus zu Koplescht mannst 2 Nintendo Switch Konsolen Iech zu Verfügung stelle fir unzetesten, unzespillen, asw.

Mir hunn 3 Spiller di mer och da sur Place wäerten hunn: The Legend of Zelda Breath of the Wild, Super Bomberman R an 1-2 Switch.

Wann Leit elo och gäre mat hirer Switch wëlle laanscht komme sollen se eis Bescheed soen. Sou eng Partie mat puer Leit mat Bomberman wär dach eppes nee?

Sidd der prett fir de GamingCafé Mäerz 2017?

D’Crew vu videogames.lu

GamingCafé Highlights – 11. Februar 2017

Posted on Leave a commentPosted in News

Den 11. Februar 2017 hate mir di éischten Editioun fiert d’Joer 2017 vum GamingCafé zu Koplescht. Eng 100 Leit waren dobäi an eis Main Events waren een Tetris 1v1 Battle, Smash 64 Turnéier an eng NES Remix Challenge. Mir presentéieren Iech hei ewéi gewinnt nees ee GamingCafé Highlights Video, wou mer di beschte Fotoe vum Owend weisen:

 

Mir verlinken Iech op dëser Platz och nach Smash 64 Event, wou der d’Platzéierungen am Detail kennt nokucken!

Den 11. Mäerz ass iwwregens schonn de nächste GamingCafé, hei ass d’Facebook-Event dozou.

Komm laanscht a spill mat!

D’Crew vu videogames.lu