Overwatch Contest

Liest w.e.g.Generell Contest Reegelen vun videogames.lu Contests hei och eng Keier duerch.

Tabell

Wann den Contest bis am gaangen ass, kënnt dir hei d’Matchups an Resultater kucken!

Umellung

Iwwert dëse Formular kënnt dir Iech eenzel oder als Team umellen.

Joint eisen Discord fir iwwer Announcements zum Contest net ze verpassen!

Format

Fir eisen éischten Overwatch Contest hosten mer eng 3v3 Elimination Lockout Competition.

Je no Feedback an unzuel vun intresseierten Teams kann dat an Zukunft wiesselen.

Matcher laafen am Best of three Format, dat heescht dat Team wat als éischt 2 Partien gewënnt huet den Match gewonnen.

Team Captains sollten suwuel am Overwatch3v3 Chat um Discord sinn, wéi och sech all geigensäiteg adden, sou dass garantéiert gëtt dass den Host all Spiller alueden kann.

 

Zäitplang

Den Contest geet offiziell den 4ten Maerz un, an Teams sollten e minimum vun engem Match pro Woch spillen. Matchups gin regelmeisseg am Discord gepost an gin an der Tabell festgehalen.
Wann et net zu Verlängerung kënnt soll dësen éischten contest och schon den 29ten Maerz eriwwer sin. Sou kënnen d’Gewënner hier Präisser op Gameland sichen kommen

Match

Den Host vum Match ass den Captain vum Team wat an der Tabell lénks steet (ënnert Team A). Den Team Captain mecht also en custom Game op, wielt den preset 3v3 Elimination Lockout aus an invitéiert den Captain vun Team B (an gëtt him d’Recht Leit ze invitéieren wann neidech).

 

Results

No spéitstens 3 Partien steet en Gewënner Fest. Am Discord chat soll d’Gewënner Team d’Score uginn an dat verlueren Team soll d’Resultat bestätegen.

(Beispill: Gewënner team 2-1 Verlueren Team)