videogames.lu

Rocket League

 

Am Hierscht gëtt nees gespillt!

Mir presentéieren Iech eng weider Editioun vun eisem vglu Rocket League Contest!

18 Equippen, also 36 Spiller, stellen sech der Challenge fir sech géint aner Teams ze duelléieren!

 

Hei de kuerzen Iwwerbléck vum Programm:

Umellen konnt een sech vum 18. September 2017 bis den 1. Oktober 2017 duerch dëse Formular: https://goo.gl/forms/QrmQwbzHyHO7Iweu1

-Vum 2. Oktober 2017 bis den 17. Oktober 2017: SWISS-Qualifikatioun.

-Ab dem 18. Oktober 2017: Start vum Rocket League Contest Season 2!

 

Kuerzerkläerung vum Contest:

Nodeems d’Equippen sech bewisen hunn an enger SWISS-Qualifikatioun, wou se flexibel an eegestänneg hier Matcher kennen organiséieren, setzen mir vun videogames.lu d’Equippen an 4 Divisiounen eran, di hirem Niveau sollten entspriechen.

Während engem Zäitraum vun 6 (fir Divisioun 1: 10) Wochen, spillen all Equippen an engem Allez-Retour géint 3 (Divisioun 1: 5) aner Equippen. 1 Match pro Woch gëtt gespillt an während dem Contest kennen d’Equippen sech also emmer an dëser klenger lëtzebuergescher Liga challengen!

Egal op der elo ee Freak am Spill sidd oder éischter een dee Rocket League aus Spaass méi gemittlech ugeet, hei an eisem Contest ass di richteg Platz, wou der Iech mat ärem Teammate duelléieren kennt! D’Philosophie vun videogames.lu heescht also kloer net eSport. De But ass et fir enger Community eng Plaatz ze ginn wou se mateneen spillen kennen egal wéi gutt oder schlecht een ass.

 

Opleschtung vun wichtegen Informatiounen:

-Swiss-Qualifikatiounsronn: http://challonge.com/de/RLCS2SQ

-Ëmmer erëm wichteg fir ze liesen: Ruleset

-Discord-Channel vu videogames.lu: https://discord.gg/QM2H6J9

 

Presentatioun vun deenen 4 Divisiounen:

Trailer:

Divisioun 1 :

Divisioun 2 :

Divisoun 3:

Divisioun 4:

 

 

(Leschten Update vun den Divisiounen:15. November 19h00)

 

 

Wien Intressi huet, deen kann sech jo hei och eng Kéier den Oflaf vun der Season 1 am Archiv ukucken!

 

Mir wënschen Iech vill Spaass beim Rocket League Contest!

 

Black Star, BenDK, Pingu a slinet2 am Numm vun videogames.lu