Minecraft

Minecraft Server

Zesumme mat der Blueberry Gaming Community hu mer dann och ab elo ee Minecraft-Server!

Hei erkläre mer Iech dann ewéi der do kennt drop spillen!

 

Viraussetzungen

1. Java 64-Bit Installéiert hunn. (http://tinyical.com/13502611/java-64bit)

2. Minecraft (Vanilla) Installéiert hunn. (http://tinyical.com/13502611/minecraft)

 

TechnicLauncher Installatioun

1. Klickt op dëse Link (http://tinyical.com/13502611/techniclauncher) an wielt Är Plattform aus.

2. Nom Eroflueden klickt dir zweemol op d’TechnicLauncher.exe.

3. Installéiert et, no da Installatioun kuckt bei “Launcher Optiounen”.

 

Launcher Optiounen

1. Klickt riets uewen op “Launcher Options”.

2. Gitt op den Tab “Java Settings”.

3. Wielt Minecraft Java Version “1.8.0_131 64-Bit” aus, falls 64-Bit net verfügbar ass, dann wannechgelift 64-Bit Versioun eroflueden goen.

4. Bei Memory wielt dir Minimum 2 GB aus.

5. Kuckt Iech “ModPack Installatioun” un.

 

ModPack Installatioun

1. Nom ausféieren vum TechnicLauncher.exe klickt dir op den Tab “ModPacks”.

2. Sicht no “Steve’s Adventure Craft” an Installéiert dëse ModPack.

3. No da Installatioun, kuckt bei “ModPack Optiounen”.

 

ModPack Optiounen

1. Wielt den ModPack “Steve’s Adventure Craft” ënnert dem Tab “ModPacks” aus.

2. Klickt uewen riets ob “Modpack Options”.

3. Wielt “A Specific Vesion” aus an huelt d‘Versioun “1.1.0.0” oder “1.1.0.0-shaders” aus.

4. Dréckt “Reinstall Pack” an installéiert de ModPack frësch. (Sollt net nach enkéier sou laang daueren) No deenen ganzen Schrëtter Start den TechnicLauncher nei.

Mir ginn Iech och puer Guiden (déi dir weider ënnen fannt) vir zum Beispill den “ChunkAnimator” auszeschalten, well wann d’Chunks gelueden ginn fält dat ëmmer vum Himmel, gesäit zwar gutt aus mais et kann nerven.

D’Server Informatiounen sinn folgend:

IP: 89.163.143.248

 

Bei weider Froën stinn Iech den SyfuxX vun BGC an den Hesarion vun VGLU an eisem discord zur Verfügung!

Joint eis am Minecraft Server Channel!