GamingCafé Smash Camp

Smasher Community aus dem Land huet eis gefrot a mir hëllefen hinne gären. Mir si frou Iech kennen eisen neie Konzept fir enger Aart vun Turnéier um GamingCafé ze presentéieren: D´GamingCafé Smash Camp.

Ab dem 19. August 2017, offréiere mir nees Mount fir Mount de Smasher aus dem Ländchen eng Méiglechkeet fir sech ze duelléieren. Mat genuch Statioune kennt dir un engem neie Konzept deelhuelen, well mam Smash Camp notze mir och di éischte Kéier de Swiss-System.

De Swiss-System ass ee “non-elimination” Turnéier Format, deen ee vläicht hei am Land nach net esou vill gesinn huet. Et handelt sech em eng Gesamttabell, di sech vun sech während zum Beispill 4, 5 oder 6 Ronne selwer no de Resultater aktualiséiert. D´Resultater pro Ronn hunn een Afloss fi är weider Matcher. Wien eng Kéier verléiert, kann sech nach während dem Owend awer nees weider eropschaffen. Egal op der de Smasher par exellence sidd oder Smash och éischter aus Spaass spillt, dir hutt ab engem gewësse Punkt vum Owend d´Méiglechkeet vir géint Leit vun ärem nämmlechten Niveau ze spillen a während dem Owend kennt der net eng zweete Kéier op dee nämmlechte Spiller falen.

Hei nach eng Kéier a Form vun engem Bild d´Erklärung wei den Ufank vun engem Swiss-Turnéier ausgesäit:

Pro GamingCafé, hale mir eis och flexibel wat d´Ronnen ugeet. De normale Fall wäert 5 Ronne sinn. De Projet gëtt zesumme mat der Smash Community organiséiert. Sollt sech erausstellen, dass de Swiss-System net gutt ukéim, kenne mir och mat Pools am spéideren ufänken. Mee mir sinn der Meenung, dass mer grad mam Swiss-System Iech ee gudde Kompromëss bidde kenne fir dass jiddwereen den Owend Spaass huet.

Dir kommt also net nëmmen op Koplescht fir just an engem Winner-Losers-Bracket ze spillen an am Worst-Case Szenario wierklech och direkt no 2 Partien aus dem Turnéier eliminéiert ze sinn. Jiddwereen huet d´Méiglechkeet di nämmlecht Unzuel vu Matcher ze spille grad esou wéi de Gewënner vum Owend. Mir loosen Iech och genuch Fräiheete virun (18H bis 19H) am nom Smash Camp ze spillen aka Free For Alls oder Crew-Battles ënnert anerem.

Ass d´Smash Camp also eng nei Smash Liga…?

Nee, dëst ass ee Format, dee pro Mount ëmmer nees resetted gëtt. Domadder forcéiere mir d´Leit net fir dass se all Mount misste present si fir iergendwellech Punkten ze sammelen. Nodeems et di lescht Méint roueg ginn ass vun aneren Organisateuren, wat Smash Events hei am Land ugeet, ware mir och einfach der Meenung, dass eng vun de stäerkste Gaming Communities awer eng Platz am Land verdéngt huet, wou se sech kennen treffe fir ze spillen. Dëse Format erméiglecht et eben och, dass wann mer nees Päsch sollten hunn an am Ausland ee gréissert Turnéier den nämmlechten Datum usteet, d´Leit och ouni ee schlecht Gewësse kennen do deelhuelen. De Smash Camp soll als But hunn, dass d´Community sech weise kann an och eventuell nei Leit sech kennen do fannen a zesummen trainéiere kennen. Mir motivéieren Iech och fir, falls et och erëm eng Kéier hei am Land gréisser Smash-Turnéiere sollte stattfanne fir do matzemaachen.

Wei gëtt de Swiss System gemaach?

Mir notzen de Site “challonge.com” fir Iech d´Turnéier besser ze presentéieren. Dëse kann een dann och nodréiglech sech ukucken an ass och während dem GamingCafé an eisem Facebook-Event ëmmer nees opruffbar. Sou garantéiere mer Iech, dass d´Turnéiere gutt oflafen.

Kann een eppes um Smash Camp gewannen?

Nieft der Erfarung, dem Spaass an dem Training um Turnéier kennt dir pro Mount Präisser gewannen. Mir hunn och fir den August d´Chance gehat fir rezent Smash Goodies ze fannen, di een de Moment leider net esou gutt an de Geschäfter méi fënnt. Net ze vergiessen dass mer och ëmmer nees Iess-, souwéi Gedrénksbongen och wäerte spillen. Mir wäerten och erëm während dem Smash Camp eng Partie Matcher ophuelen, di der herno op eisem Youtube-Channel och kennt gesinn a bidden Iech esou eng Plattform, wou der Iech als Community presentéiere kennt.

Wéini start d´Smash Camp?

Ab dem 19. August geet et nees lass. Umelle kennt der Iech ëmmer sur place op all GamingCafé bis 19 Auer. Een Turnéier mam Swiss-System dauert ronn maximal 4-5 Stonnen.

Wat sinn Ingame Reegelen?

D´Rule-Set sinn ab elo och hei disponibel an wäerten och fir all GamingCafé virun de Statiounen vum Smash Camp leien:  GamingCafé Smash Camp-Rule Set.

Des Reegelen sinn konform zu den aktuellen Smash Reegelen och um europäeschen Niveau an och di eng oder aner Standard Apex-Reegel ass dran ze fannen.

Grondsätzlech gëllt: Mir sinn oppe fir all weidere Feedback vun ärer Säit aus a wann weider Froe während oder nom Event do sinn, si mer fir Iech do. (Aktuelle Stand vun de Reegelen: 6. August 2017)

 

Zum Schluss nach ee klengen a flotten Trailer zum Smash Camp:

Op dësem Site verlinke mer dann och all vergaangen Events vum Smash Camp:

GamingCafé Smash Camp August 2017 – 19.August 2017

 

D´Crew vu videogames.lu