GamingCafé Smash Camp – Rule Set

GamingCafé Smash Camp – Rule Set

(Aktuelle Stand vun de Reegelen: 6. August 2017)

 

Wichteg Informatiounen:

  • D´Smash Camp start normalerweis géint 19 Auer. Dat heescht dir kennt Iech vun 18 bis 19 Auer umellen. Et ass erlaabt wann Iech ee Kolleg umellt, wann der zum Beispill réit fir 19h10 oder sou do wäert.
  • Gespillt gëtt nom Format: SWISS Turnéier. Dir sidd alleguerten an enger Tabell vun Deelhueler während dem ganzen Owend a spillt pro Ronn géint Spiller, di während dem Owend och di nämmlecht bzw. ähnlech Bilanz hunn ewéi dir. Beispill: Leit mat enger 3-0 Bilanz spillen an der Ronn 4 géinteneen. Leit mat enger 1-2 Bilanz spillen dann och do just géinteneen.
  • Bäi ongerueder Unzuel vu Spiller setze mir 1 oder 2 Bots a mam Numm “VGLU Bob-Omb” am Swiss-System an. Wann dir géint esou ee spille misst, hutt dir natierlech ee Free Win. Wisou ee Bot? Vu dass mer keng weider Spiller nom seeding vum Swiss Turnéier am Programm kennen asetze kenne mir dem Bot säin Numm awer nach während der Ronn 1 wiesselen: Wann ee Spiller réit géint 19h15 um GamingCafé sech presentéiert a gären nach sech umelle well, kéint hie mat bësse Gléck nach dem Bob-Omb seng Platz anhuelen.
  • De Maximum vu Bob-Ombs di mer asetzen ass 2. Wann di 2 Platze spéiderhin ausgewiesselt goufen ass leider keng Méiglechkeet méi dass der um Smash Camp deelhuele kennt.
  • Nom Ofschloss vu Ronn 1, kenne Bob-Ombs net méi duerch Spiller ersat ginn!
  • Virum Turnéier, si mer op eisem Facebook Site: videogames.lu via Privat Noriichten och nach erreechbar. Wann also ee Fall wéinst Retard virkennt, schreift eis w.e.g. do un an NET via Email oder via Facebook-Event.
  • Virum an no dem Smash Camp ka Community ënnert sech nach Free For Alls oder Crew Battles organiséieren. Des hu keen Afloss op de Ranking an der Swiss Tabell.
  • De Gewënner vun der Swiss-Tabell, souwéi den Zweete kréien ee Präis. Ënnert allen Deelhueler wiele mir och ee Lucky Loser, deen och ee Präis kritt.
  • Während dem Smash Camp, gëtt och op enger Statioun opgeholl. D´Gameplay Material gëtt herno op de Youtube Channel vu videogames.lu eropgelueden. Sollten et Spiller ginn, di net gären dorobber gesi wëlle ginn, sollen se eis dat w.e.g. am Viraus soen.
  • Wann dir äre Match fäerdeg gespillt hutt, sot w.e.g. engem vun de Responsabel vum Smash Camp bescheet, fir dass sie et kennen androen!
  • Smash Camp ass ee Projet deen Zesumme mat der lëtzebuergescher Smash Community organiséiert soll sinn. Et ass keng eSport Liga an soll als But hunn, dass Smasher ënnert sech Spaass kennen hunn. Sollten et also während de Méint zu Verbesserungsvirschléi am Reegelwierk komme ginn des och gären ugeholl.
  • Bäi weider Froe während dem Owend frot di Responsabel vum Smash Camp.

Op der nächster Säit geet et virun mat de konkreten Game Settings, Stages an erweidert Reegelen!

Game Settings:

  • Gespillt gëtt ëmmer 1vs1
  • De Format vun de Matcher ass ëmmer Best of 3.
  • De Modus ass Stocks, mat ëmmer 2 Liewen.
  • Zäitlimitt vun enger Partie ass 6 Minutten
  • Handicap: Aus
  • Damage Ratio: 100%
  • Items: Aus
  • Paus: Aus
  • Items, Custom Moves, Teams, souwéi Custom Miis sinn net erlaabt.
  • All DLC Character sinn während dem Smash Camp disponibel
  • Custom Fighters sinn ausgeschalt.
  • Mii Fighters kennen genotzt ginn mam Setup 1111 Mii.
  • Brawlers/Swordsmen/Gunners kennen genotzt ginn, ennert de Conditioun den “Default A Mii” ze notzen. Keng aaner Spezialfähegkeeten fir Mii Fighters sinn erlaabt.
  • D´Spiller däerfen net Miis transféieren vun aneren Setups.

Stages:

  • Standard Stages sinn: Battlefield, Final Destination, Smashville, Town and City, a Lylat Cruise.
  • Counterpicks: Dream Land (N64) & Omega Stages.
  • Den éischten Stage-Choice gëtt via Schnick, Schnack, Schnuck entscheet. Di zweet Stage gëtt vum Verléierer vun der Stage 1 gewielt. Wann et zu enger 3. Partie kennt entscheet den Verléierer vun der Stage 2, wou gespillt et.

Erweidert Reegelen:

Stage Clause:

Ee Spiller däerf net eng Stage wielen, di en scho während dem Set gespillt a gewonnen huet.

Self­Destruct Moves:

Wann ee Match fäerdeg gespillt gëtt Mathëllef vun engem sougenannte “Selfdestruct move”, gewënnt de Spiller, deen dëse Move och ugewend huet, och wann de Result Screen des net sollt soen. D´Fäll vun sou engem SelfDestruct Move sinn: Ganondorf’s Side­B, King Dedede’s Neutral­B, Wario’s Neutral­B, an dem Kirby säin Neutral­B.

Alternativ Kontrolleren:

D´Wii U Gamepad, den Nintendo 3DS, den Nintendo 2DS an all aner Kontrollere sinn erlaabt fiert d´Smash Camp.

Bowser Jr’s Clown Car Glitch:

Sollt et zu engem Bowser Jr.’s Clown Car Glitch kommen, sou solle Spiller de Match pauséieren an ee Responsabele vum Smash Camp ruffen, fir dass des och de Glitch confirméiere kennen. Wann de Responsabelen et confirméiert huet, sou mussen d´Spiller de Match resete mat de nämmlechte Stocks an de Damage Prozentsätz esou no ewéi méiglech eben ewéi dee Moment, wou dee Glitch stattfonnt huet! (De Bowser Jr. Clown Car Glitch geschidd wann seng Car respawnt  nodeems en Up B virum Stock verléiere genotzt huet. Dee Moment fänkt de Charakter domadder un sech ze teleporten an och d´Hit Boxes, souwéi d´Animatioun vum Bowser. Jr. variéieren.)

Time Outs / Ties:

​De Gewënner vun engem Match, deen duerch Time Out ermëttelt muss ginn, gëtt entscheet via d´Stocks a Prozentsätz.

Wann den Timer op 0:00 fält, de Spiller mat de héchste Stocks ass de Gewënner. Wann di 2 Spiller gläich an de Stocks sinn, gëtt de Spiller mat dem niddregste Prozentsaz vun Damage als  erkläert. Wann et zum Szenario kennt, dass de Prozentsaz Gewënner genau identesch ass oder et ee Match ass, wou di 2 Spiller gläichzäiteg hire leschte Stock verluer hunn, sou  “1 Stock Tiebreacker” gespillt. Timer hei ass : 3 Minutten [6 Minutten / 2 Stocks = 3 Minutten]. Ee Sudden Death gëtt net gespillt a gëtt wann dann och net gezielt.

Warm­ups:​

Béid Spiller hunn d´Recht op eng di sougenannte “Warm­up periods”, “button checks”, a “handwarmers”. Dëst Opwierme sollt allerdéngs net méi wéi 30 Sekonnen daueren. Dësen Time Slot gelt et w.e.g. ze berécksiichtegen!

 

Generell Turnéier Reegelen

Verspéidung fir ee Match gëtt just bis 5 Minutten akzeptéiert. Di hutt während enger Ronn ëmmer genuch Zäit fir ze pauséieren. Mir halen et meeschtens och um Smash Camp esou of, dass wann 2 Spiller prett si fir hire Match ze spille vun enger Ronn an eng Statioun nach fräi ass, sou kennen se dee virun der wardender Persoun spillen. Sollt et de Responsabele vum Smash Camp opfalen, dass verschidde Spiller des Reegel net anhalen (Beispill: Et ass wierklech just ëmmer zum Schluss 1 Match deen erëm net gespillt ass), sou ginn dee Spiller fir de Recht vum Event disqualifizéiert.

Matcher oder Sets ginn net freggespillt, wann et eng Misinterpretatioun vun den Reegelen am Viraus sollt gi sinn. Et ass an der Verantwortung vum Spiller, fir sech am Viraus bäi de Responsabele vum Smash Camp ze wennen, wann et Froen zum Reegelwierk géife ginn. En plus stinn des Reegelen och op eise Websäit (videogames.lu) a kennen och a rou doheem eng Kéier virum Event duerchgelies ginn.

Sollte Situatiounen optauche während engem Smash Camp, di net hei uewe beschriwwe sollte ginn, sou sollt een des w.e.g. un di Responsabel vum Smash Camp viru ginn. Mir probéieren da fir dee nächste Mount des och an d´Reegele matanzebezéien! Entscheedunge vun de Responsabele vum Smash Camp gëllt et ze respektéieren.

 

Good luck & have fun

D´Crew vu videogames.lu