Events

Date/Time Event
22/07/2017 - 23/07/2017
6:00 pm - 2:00 am
GamingCafé Juli 2017
Kulturhaus Kopstal, Kopstal Luxembourg

De Mëttelpunkt vun eisem Engagement: De GamingCafé zu Koplescht

Trailer Joer 2016/2017:

 

 

De GamingCafé zu Koplescht gëtt zënter 2014 zu Koplescht am Kulturhaus vun eis organiséiert.

*Wat ass de GamingCafé?

Et ass een Event vu Gamer fir Gamer hei zu Lëtzebuerg. Mir vun der videogames.lu Asbl offréieren Iech Mount fir Mount Gaming Statiounen, Turnéieren, Challenges, Boards Games an soss kleng an relax Events. Eisen But ass et wierklech dass mir de Gamer aus dem Land eemol de Mount eng Platz kennen offréieren, wou se zesummen kennen diskutéieren a spillen.

*D´Entwécklung vum GamingCafé

Dat éischt Event gouf am Joer 2014 ewéi gesot gestart. De Grond vun dësem Treffen zu Koplescht war 3-Joer Féier vu videogames.lu Deemools waren mir just ee Website mat engem rëscht aktiven Forum. Et koumen deemools eng 20 Leit fir zesummen mat de Grënner bongosmasher a PowPit 3 Joer videogames.lu ze féieren. Mount zu Mount huet sech dunn ee klengen Grupp, eis sougenannten VGLU Crew ëmmer erëm Gedanken gemaach, wat een fir Events kéint starten dass Leit erauskommen aus hirer eegener Gamingkummer, -Stuff, -keller oder och nach -späicher. An iwwert 2 Joer gekuckt ass eis dat och gelongen: Mëttlerweil kennen mir pro Mount quasi ëmmer em di 100 Leit zu Koplescht begréissen, wat eiser Meenung ee grousse Succès fir Gaming Community hei am Land. Dee Succès kennt net nëmmen duerch eng Crew, di sech Mount fir Mount ëmmer de Kapp zerbrécht wat een vun Special-Events soll organiséieren, mee och wierklech duerch Iech, di och wann se net all Mount kennen dobäi sinn ëmmer an ëmmer erëm reegelméisseg eis besichen kommen. Sou dass mir op dëser Platz Geleeënheet notzen fir Iech och do ee grousse Merci ze soen.

*Nëmmen Gespills um GamingCafé?

Net nëmmen!  Dir kennt och um GamingCafé eis berüchtegt Sloppy Joes an Iech erastiechen. Duerch Patisserie Drebenstedt hu mer och ëmmer lecker Dessert fir Iech sur Place an mir iwwerlee eis och ëmmer eng fir ab und zu méi speziell Gedrénks Iech ze offréieren. Dat alles kritt der wierklech fir sozial Präisser an och eppes Wichteges: Mir froen och KEEN Entrée 😉

*Kann ech meng eegen Konsol oder mäin Setup matbréngen?

Selbstverständlech kanns du dat, allerdéngs géifs de eis vun der Crew och ee grousse Gefalen maachen, wanns de eis am Viraus géifs Bescheed soen. Dëst kanns de via Kontaktformular hei um Site oder eben via eng Privat Noriicht op eisem Facebook-Site.

*Kann ech och emol Biller gesinn?

Guer kee Problem, bäi eise Fotoen kanns de dech quasi duerch all eis GamingCafés duerchkucken. Fir di Leit di net Zäit hunn fir all Fotoen kennen ze kucken, deenen offréieren mer zënter 2016 och ee spezielle Format um Youtube Channel: GamingCafé Highlights. Dir gesitt hei och di komplett Playlist vun eise klengen Videos, di ëmmer während 2 oder 3 Minutten alles am Schnellverfahren vun engem coolen GamingCafé Owend resüméieren:

Mir hoffen dass mer Iech de GamingCafé op dëser Säit schmackhaft maachen konnten an wann der nach weider Froen oder soss Äusserungen wëllt maachen, zeckt eis net via Kontakt hei unzeschreiwen oder eben eng Email un videogames.lu@gmail.com ze schreiwen.

Bléift eis just nach eisen Slogan zum Schluss ze soen: Komm laanscht a spill mat!

D’Crew vu videogames.lu

Powered by Events Manager