Contest Reegelen

 

 

Generell Reegelen an weider Informatiounen:

 

Contests vun videogames.lu sin fir all Spiller offen. Mir froen nie fir Participatioun sief et fir Special Events, an och dann nëmmen déi éischt Divisioun. Teams gin an Divisiounen agedeelt je no Skill. Divisiounen sollen minimum 6 Teams hun, fir e gewëssen grad vun Competition ze gewährleisten. D’opdeelung vun den Divisiounen gëtt fir néi Teams an néi Contests vun den Admins iwwerholl, hei gin et méi Meiglegkeeten wéi dat gemaach gëtt (Punkt 4). Bei mei klengen Kompetitiounen gëtt net an Divisiounen gespillt.

Merci fir är Zäit di der Iech huelt fir dëst Dokument ze liesen a mer hoffe Iech gefält dëse Format.

Bäi all weider Froe sti mir an eisem Discord-Channel zur Verfügung.

D´Crew vu videogames.lu

 

 

Contest Reegelen:

 

Code of Conduct

Sidd sportlech an vermeid et är Teammates oder Géigner ze beleidegen. Leit déi méi oft eng opfälleg negative Attitude hunn ginn verwarnt a kënnen mat Penalties rechnen. Penalties gin vun Punkt off zuch bis hin zum Auschloss vun der Contest. Sträitfäll sollen mat den Admins geklärt gin wann ënnert den Teams oder individuen keen Kompromiss ze fannen ass. Dës bezitt sech och op d’Kommunikatioun mat den Admins an allgemeng am Discord.

 

Matcher

All Informatiounen zu den Matcher déi gespillt gin sin am respektiven Discord Channel gepinnt. Sou wees jiddereen ween säin nächsten Geigner ass. Bei Problemer oder Froen sinn d’Team Captains responsable fir d’Kommunikatioun.

Team Captains mussen sech fir en Datum an Auerzäit eenz sinn fir den Match an sollen dat natierlech och mat hieren Teammates oofbeschwat hun. Wann keen Datum fonnt kann ginn, mellt Iech bei engem vun den Admins.

Nodeems en Match eriwwer ass hunn sech béid Capitainer dem Divisioun Admin iwwert Resultat ze informéieren, sou dass de Match och richteg kann agedroe ginn. D´Androe vun de Resultater gëtt 1 mol pro Woch gema. Den Discord bidd sech hei fir un.

Je no Resultat an Format vum Match gin Punkten opgeschriwwen

 

Result Beispill Winner Loser
win 2-0 3 0
close win 2-1 3 1
tie 1-1 1 1

 

Teams an Spiller sollen sech bewosst sinn, dass hier Participatioun och heescht sech eemol an der Woch Zäit ze huelen fir Matcher ze spillen. Mir loossen den Teams zwa d’Fräiheet wéini se dat maachen wëllen mee wann mir iwwer 7 Deeg näischt héieren gëtt den Match als net gespillt (0-0) entscheed. Natierlech dierfen Teams aner Datumer vir hier Matcher wielen dei net onbedingt an der Spillwoch sin, mee nëmmen am Fall wou dat mat den Admins oofbeschwat gouf.

Sollt de Géigner sech net während 7 Deeg zréckmellen, gëllt dëst no engem Screenshot vum Chatverlaaf als free win (2-0).

Sollt de Geigner sech net un Datum halen wat oofgemach wor, gëllt at als no-show (Screenshot). No show gëllt als free win (2-0). Beid Fäll gin vun den Admins verfollegt an schëlleg Teams gin verwarnt.

Falls en Team forfaiten wëll (sief et fir ee Match oder fir dei ganz Competition) soll den Team Captain dat och sou frei wéi méigleg den Admins matdeelen.

Sollt een Team sech während 15 Deeg net méi zréckmelle huelen d´Contest Organisateuren dëst als Austrëtt vum Turnéier op.

 

Teams

Team Captains sollen minimum een Admin um respectiven client geadd hun (bnet, steam, game client, etc.)

En Team spillt all Matcher mat deenen Spiller dei sech ugemellt hun. Falls een Spiller an engem Team oofsprengt an de Spiller net rechtzäiteg fir den nächsten Match ersaat kann gin zielt deen Match als loss.

Spillerwiessel ass dann erlaabt wann et kloer mat den Admins geklärt ass an ob et sech em en temporären Ersatz oder permanenten Switch handelt.

Am Fall wou de Captain ofsprengt muss en néie Capitaine ernannt ginn an dem seng Email den Contest Organisateuren virun ginn.

Fir keng Divergenze während engem Contest ze hunn géife mer Iech bieden, dass der och mat deem Numm spillt, mat deem der ugemellt gi sidd. Sollt der nach spontan virun dem Contest ären Numm ännere sot engem vun de Contest Organisateure Bescheed.

 

Divisiounen

Divisiounen sin haptsächlech do fir Teams op mei intressant Matcher opzedeelen, mee et erlaabt eis och mei Teams an der selwechter Zäit spillen ze loossen. Kuerz gesot beaflossen Divisounen Spillzäiten. En Contest soll maximal 12 Woch daueren, mat enger woch Verlängerung, mat engem Match pro Woch. Ofhängeg vum Format bestëmmt dat wéivill Slots an enger Divisioun sin.

 

Format Teams Matches per Team
Double Robin 7 (N-1)x2
Robin 13 (N-1)
Swiss 14+ Number of rounds

 

Je no deem wéivill Teams sech insgesamt umellen fir en Contest gëtt Format ugepasst. Knock-out Contests sin och méigleg mee dat hängt staark vum Spill off.

Generell halen mir eis fir net manner wei 6 Teams an enger Divisioun ze hun.

Während Teams op an oofsteigen kënnen vun engem Contest an den nächsten, mussen néi Teams agedeelt gin. Admins maachen dei andeelung an dem se verschidden Faktoren kucken. Dozou gehéiert den in game Rank, d’Aschätzung vum Team, eenzel Matcher oder suguer Qualifikatiouns Ronnen.

Falls sech méi Teams wéi erwuard Umellen wiesselen mer op en Knockout Format.

 

Stream/Spectator

Wann net aanescht geregelt oder net vun Admins gestreamt, ass streamen an Spectaten nëmmen erlaabt wann beid Teams averstaanen sinn.

 

Disconnects

Et gi verschidden Aarte vun Disconnects sief dëst duerch Serverwartungsarbeiten oder Ping Schwieregkeeten. Mir leen hei gewëss Reegele fest déi an eiser Opfaassung no am beschte fir en reiwungslosen Oflaf vum Contest.

Mir bezeien eis op d´Reglement wei et an dem Offizielle Regelwierk an da ESL genotzt gëtt. Am Fall wou een oder méi Spiller vum Server fléie gelt Folgendes:

Wann e Spiller disconnectéiert éier e Punkt gemaach gin ass (in game score), kann de match néi gestart gin vun dem Betraffenen Team. Mee all Astellungen mussen déi selwescht sinn wann Spill nei gestart gëtt. Soss gëllt dei partie als déi nächst an déi éischt als forfaited.

Wann e spiller disconnectéiert nodeems e Punkt gemaach ginn ass, läit et um géignereschen Team op se d’spill restarten wëllen. 

Wann en disconnectéeierten Spiller net erem kommen kann, dann dierf de Match freizäitech oofgebrach gin an als win fir dat geignerech team agedroen gin.

 

 

Generell gëllt

All Spiller huet eng stabil Internet Verbindung ze hunn a kann sech net beschwéieren opgrond vun engem oder méi Disconnects während engem Spill. Dëst gëllt och fir äre Kontroller an är Tastatur, wou der selwer dofir responsabel sidd dass di fir är Matcher fonktionnéieren.

Sollt et zu engem Forfait während dem Match kommen ass dat Team, wat sech dofir entscheet huet de Forfait ze erklären och et dem Admin, souwéi dem Géigner ze soen.

 

 

Schlusswierder, déi lescht generell Aussoen:

Am Announcement vun all Contest kridd der matgedeelt wat et fir Präisser ze gewannen gëtt. Déi Präisser sinn finanzéiert vum GamingCafé an aneren Events dei videogames.lu organiséiert. Eis Events Turnéieren an Contests sin free for all, an mir werten nie no Participatiounsgelder froën wëll et net de But vun eisem Club ass.

D’Admins stiechen hier Fräizäit an den Club an an d’Contests, och an Sträitfäll bieden mer Iech drun ze denken dass de Contest ounie sie net méigleg wier.

Mir soen Iech Merci fir duerchliesen, a bei weider Froe sti mer zur Verfügung sief et op eisem Discord-Channel, eiser Email (videogames.lu@gmail.com) oder op eisem Facebook-Site.

D´Crew vu videogames.lu