News

GamingCafé Oktober 2018 – Birthday Edition!

Dëse Samschden ass schon de GamingCafé Oktober 2018 – Birthday Edition!

Net vergiessen, et ass onse 7ten Gebuertsdag, dofir fänke mer schon um 2 Auer Mëttes un an et gëtt Kuch am Laf vum Owend! ?

Hei ass e klengen Iwwerbleck vun den Events, déi mir geplangt hunn:
– Tekken 7 Turnéier
– Soul Calibur Freeplay Station
– Neo Geo Mini
– Castlevania Rondo of Blood Speedcontest
– Super Mario Kart Challenge mam Madsplay
– Smash 4 2v2 by SweetSpot Asbl

Komm laanscht a Spill mat!

De Samschden mir och e klenge Photobooth Projet austesten.
Di flott Fotoen, di wärenddeem gemaach ginn, luede mir spéider op Facebook héich 🙂 ?

Méi genau Informatiounen zu den Events hei drënner:

Get ready for the next battle!
An dëser Editioun vum GamingCafé veranstalt de Fighting Game Corner en Tekken 7 Turnéier.
Et ass deen éischten Turnéier vun der zweeter Saison vum Spill an et ass interessant ze gesinn, wéi d’Spiller sech un di nei Balance Patches adaptéiert hunn.
D’Turnéier fänkt um 19:00 un an d’Aschreiwung ass sur place ab 14:00!
Who is going to be the next king of iron fist? 

Transcending history and the world, a tale of souls and swords, eternally retold.

De legendäre waffebaséierte Fighting Game mécht en neie Kapitel vun der Geschicht op a mir bréngen iech d’Action am Fighting Game Corner ! Loosst är Schwäerter kléngen a maacht mat bei der Soul Calibur VI Casual Session! Entdeckt a léiert d’Spill mat Hëllef vun de Leit aus der Fighting Game Community. 🙂

An dëser spezieller Editioun vum GamingCafé ass Retro-Action ugesot!!

Mir stellen iech d’Neo Geo Mini zu Verfügung, sou kënnt dir all d’Klassiker vun der legendärer Konsol unzocken an entdecken! Vu Metal Slug a Samurai Shodown bis Super Side Kicks an d’KOF, we got’em all 😉

Op wat waarts du? The Future is now!!!”

Am Thema Halloween, hu mer um GamingCafé Oktober e Castlevania: Rondo of Blood Speedcontest ?

Du bass e Fan vum Richter Belmont a wëlls him hëllefen e puer Monsteren ze slashen, da sich der e Matspiller a maach mat beim Speedcontest. Dat éischt 2er Team, dat am wäitste kënnt (Limit 1 Stonn) oder den Dracula am schnellste besiegt krit, gewënnt de Contest a kritt wonnerbar Präisser Iwwerrescht.

Den éischten Depart ass um 20 Auer an d’Aschreiwungen gi bis 21 Auer.

Du wolls dem Madsplay schon ëmmer weisen, dass du besser a Super Mario Kart bass?
Da komm de Samschden op de GamingCafé Oktober a mell dech fir d‘Super Mario Kart Challenge. De Start ass um 16 Auer!

Natierlech kommen och Smash 4 Fans net ze kuerz um GamingCafé Oktober SweetSpot Asbl organiséiert en 2v2, also huelt iech e Becky and ‘lemme smash’! Ronderëm 18 Auer geet et lass.

Niewebäi bréngt och de Benjamin 2 Melee Setups mat, och Melee Frënn kommen net ze kuerz!

 

Leave a Reply