News

Meet and Greet um GamingCafé den 18ten August

Stellt är Grupp an Aktivitéite vir

 

Ganz egal ob der eng ASBL, en Team oder eng online Grupp repräsentéiert, mir bidden iech eng neutral Plattform, wou der d’Méiglechkeet kritt iech virzestellen a wou der op Leit stousse kënnt, déi ähnlech Interessen hunn.

 

D’Präsentatioun kënnt der gestalte wéi der wëllt, mat Video Powerpoint oder andeems der fräi schwätzt. All Grupp kritt ronn 10 Minutten, ofhängeg vun der Zuel vun de Gruppen, déi matmaachen.

 

Mir organiséieren dat Ganzt fir zukünfteg Kooperatiounen a Szeenen zu Lëtzebuerg besser vernetzen ze kënnen.

 

Eng éischt Aféierung maache mer um 19:30 fir d’Konzept ze erklären an um 20:00 wier déi éischt Grupp mat hirer Präsentatioun drun.

 

Merci fir d’Matmaachen!

Leave a Reply