News

GamingCafé 21ten Juli

Recap fir Muer um GamingCafé Juli 2018!

De Coin Collector ass erëm mat dobäi. Kommt Iech 2 Mënzen beim Comptoir sichen a probéiert am Ganzen 10 Mënzen ze erspillen fir e flotte Goodie aus eiser Wullkëscht ze wielen.

Am Fighting Game Corner erwaard Iech muer eng Villfalt vu Setups, mat engem Fokus op 2 nei Games: Fighting EX Layer a BlazBlue Cross Tag Battle.
Natierlech gëtt och en Turnéier veranstalt. Dir kënnt är Skills a Guilty Gear Xrd Rev2 ënner Beweis stellen! (Seriously though, what’s up with these names!?)

An zu gudder Lescht proposéiere mer Iech Mario Tennis Aces mat senge Virgänger ze vergläichen. Setups stinn niewenteneen an dir sidd natierlech net gezwongen nëmme Mario Tennis ze spillen.

Kommt laanscht a spillt mat!

 

Leave a Reply