News

Community Feedback!

Mir siche motivéiert Leit déi Loscht an Zäit hunn Events mat ze organiséieren!

Mir plange fir 2018 méi lokal Events an online Competitiounen, fir d’Gamingszene am Land ze ënnerstëtzen. Wann dir also Loscht hutt mat enger Equipe zesummen ze schaffen, déi sech fir Gaming a Lëtzebuerg asetzt, da schreift eis un! Dir kënnt eis iwwer Facebook oder per Email erreechen, souwéi um Discord an natierlech och op engem vun eisen Events.

Ëmfro: https://goo.gl/forms/Mx5NEqoMSM5OAAY03

Natierlech wëlle mer och vun den Leit héieren déi bei eisen Events matmaachen, dofir géife mer eis freeë wann der eis sot wat mer nach besser maache kënnen! Dofir hunn mer wei all Joer eng kleng Ëmfro preparéiert, a soe scho jiddwerengem am viraus Merci deen sech bei eis mellt!

Leave a Reply