News

Rocket League Contest II – Conclusion

Déi läscht Matcher goufen dës Woch gespillt, e puer free Wins waren och dobäi an domadder ass d’Season 2 vum Rocket League Contest eriwwer! Mir soen allen Teams op dëser Plaz Merci fir d’Matmaachen a gratuléieren de Gewënner vun den Divisiounen.

An der éischter Divisioun maache STASH déi eischt Plaz a gewannen 70€, gefollegt vun Original Teamname op der zweeter Plaz, déi dofir 55€ gewannen an op drëtter Plaz hunn mer Team Lëtzebuerg déi 40€ gewënnt!

An der zweeter Divisioun huet Duss-Team just en eenzege Match verluer a mëscht domadder eng zolidd éischt Plaz an kritt dofir 35€, dei zweet sinn Tyrannosaurusrekt a si kréien 30€.

An der drëtter Divisioun behaapten sech Judas Gaming a Güffi mat nëmmen engem knappe Virsprong fir Judasgaming, si gewanne 25€ an 20€ respektiv.

An der véierter Divisioun hunn mer Los Borgeiros op der éischter Plaz fir 15€ an Aero Busters op der zweeter Plaz fir 10€.

Mir soen och op dëser Plaz och den Admins Merci, dem BenDK, dem Pingu, dem slinet2 an dem Blackstar, souwéi dem SyfuxX fir d’Asprangen zum Schluss!

De genaue Stand vun den Tabelle fann der op eisem Site a mer hoffen dir freet Iech op déi nächst Season! Mir schreiwen déi eenzel Gewënner Teams un wat d’Präisser ugeet an dir héiert weider vun eis am RLC Chat am Discord!

Leave a Reply