News

GamingCafé Dezember 2017

Dëse Samschden ass endlech erëm GamingCafé ugesot!

Well et wahrscheinlech e bësse mi roueg wäert gi virun de Feierdeeg, plange mer dës Kéier kee gréissert Turnéier, mee dofir awer e puer aner flott Events.

❄⛄? Dësweidere verkafe mir nieft dem Sloppy och Glühwäin! ❄⛄?

Rocket League: Snow Day Modus

Zum wanterleche Wieder organiséiere mer e klenge just-for-fun Rocket League Eck wou der zesummen de Snow Day Modus spille kënnt. An dësem Modus ass de Ball duerch en Hockey Puck ersat ginn. Well d’Spill jo viru kuerzem fir d’Nintendo Switch eraus komm ass, ass et eng gutt Geleeënheet fir de lokale Multiplayer ze testen! Bréngt dofir am beschten är Switch mat fir géint anerer ze spillen. Et ass och méiglech, dass der äre Laptop oder Konsol matbréngt, da kënne mer teste wéi gutt de Cross Play lokal funktionéiert.

 Fighting Games – Training Stages

Fir dës Éditioun vum GamingCafé féiert de Fighting Game Corner den „Training stage“ an.
Wéi den Numm et scho seet, handelt et sech ëm Training Sessiounen, bei deenen allméiglech Aspekter vun engem Kampfspill bäibruecht ginn.
Wann dir Schwieregkeete mat engem Kampfspill hutt oder einfach e neie Fighting Game ausprobéiere wëllt, dann zéckt net a schwätzt eis hëllefsbereet Kampfspillenthusiasten un. Et spillt keng Roll ob dir elo Ufänger oder scho méi Erfarung hutt. Jidderee kritt gehollef.
Egal ob dir elo e spezifesche Charakter léieren, eng bestëmmte Strategie asetzen oder einfach e ganz neie Fighting Game ausprobéiere wëllt, mir consideréieren all är Wënsch.
Elo froe sech déi méi gutt Spiller: „A wat spréngt fir mech dobäi eraus?“. Ma dir kënnt iech géigesäiteg erausfuerderen a soumat e bësse méi casual spillen. Sou léiert een och besser an et bréngt d’Fighting Game Community méi zesummen.
Iech stinn eng ganz Panoplie vu Kampfspiller zur Verfügung. Do ass fir jiddereen eppes dobäi, wéi Street Fighter V, Injustice 2, Tekken 7 an awer och déi méi al Spiller wéi Street Fighter 3rd strike, The King of Fighters 13, Darkstalkers a méi.
Och wann d’Vakanz gläich ugeet, sou kann een ëmmer nach eppes bäiléieren an natierlech kann een och einfach aus Spaass e Kampfspill ausprobéieren ouni direkt mat Notizblock a Bläistëft do optauchen ze mussen.

Mir freeën eis op är Participatioun an hannerloosst eis roueg e Kommentar, wann nach Froe sinn.
Learning by playing!

SmashCamp

Wéi gewinnt geet et an di nächst Ronn vum SmashCamp am Dezember.

Wéider Informatiounen

Bis geschwënn,
Crew vu videogames.lu

Leave a Reply