News

Lux Masters 2017

Wéi der vläicht matkrut ware mir den 18ten November mat dobäi bei de Lux Masters 2017 an der Schungfabrik zu Téiteng organiséiert vun E-Sports LuxembourgBeKingz.

Heibäi huet et sech em Final vum CS:GO Turnéier gehandelt bei deem sech d’Equippe vu We Live Games, Mind Games a BeKingz spannend Matcher geliwwert hunn. Bei dësen éischten Event hu sech eng 150 Leit zesumme fonnt fir hier Favoritten unzeféieren an sech sécherlech och Taktiken vun den Teams unzekucken fir sech besser op di nächst Editioun virzebereeden.

Gratulatioun un all d’Equippen déi matgemaach hunn 🙂

Weider Informatiounen zum Event fann der op http://luxmasters.lu

   

Leave a Reply