News

GamingCafé 11ten November

Hei fannt dir all eis Turnéier an Events déi dëse Samschden um GC stattfannen:

-Donkey Konga
-Windjammers
-Smash Camp

Hei geet et op den Event:
Link zum Event

 

Während mir eis definitiv manner Leit erwaarde wei am Oktober, heescht dat net dass näischt leeft!

Um RdC gëtt et des Kéier eng Knuppe Freed mat vill Getrommels.

Donkey Konga 2 Tournéier!

Single Elimination, Best of 3, Loser’s Song Choice.

Um éischte Stack geet Windjammers an déi nächst ronn, mam Moto “de Summer ass nach net eriwwer”!

De Wanter steet virun der Dier, mee am GamingCafé ass de Summer nach laang net eriwwer!!
Mir an d’DBU presentéieren iech déi zweet Editioun vum Windjammers Turnéier!!

Nom grousse Succès am September, ass de 90’s Beach-Frisbee Game erëm do mat all senge crazy Moves an hype Momenter.
D’Aschreiwung fir d’Turnéier fänkt um 19:00h un a geet bis 20:00h, wou mir da mam Tournoi starte kënnen.
D’Reegele wierte sur place zu Verfügung gestalt ginn.
Op wat waart dir? Kommt mat a maacht déi Zäitrees an de 90er an erlieft déi suergefräi Zäit erëm, andeems dir ärem Géigner e puer feiergelueden a zick-zackbeweegend Frisbeeë op de Kapp geheit!!

It’s time to jam some winds!! It’s time for WINDJAMMERS!!

Smash Camp geet weider!

Nächste Samschde gëtt erëm gesmashed!

De Swiss System geet an déi nächst Ronn. 
Reegele wei ëmmer op:

http://videogames.lu/gamingcafe-smash-camp/

Op eisem Youtube-Channel fann dir Matcher vun de leschte Ronne vum Smash Camp:
https://www.youtube.com/watch…

Let’s Smash!

D’Crew vu videogames.lu

Vue dass mir eiser Community och sou gutt wei méiglech nolauschteren hun mer decidéiert de SmashCamp um 2te Stack ofzehalen!

Leave a Reply