GamingCafé September 2017 Update Post 2#: Windjammers!

Posted on Posted in News

Geschwënn ass d’Vakanz eriwwer. D’Eescht vum Liewe fänkt erëm un, ob et elo Schoul oder Aarbecht ass. Mee de Summer ass am nächste GamingCafé, den 9. September, nach laang net eriwwer.

Mir organiséieren nämlech e Windjammers Freeplay Event! The Klassiker vun der NeoGeo Ära gëtt erëm op der PS4 erausbruecht a mir wollten eis dat net entgoe loossen. Bei Windjammers handelt et sech ëm e Flying Disc Game mat Super moves a Counters, wat zu nervenzerreissend a spannend Matcher féiere kann. Do ginn d’Reflexer sou richteg getest.

D’Event fänkt um 18 Auer un a wann d’Interessi opkënnt, da kann een och spontan en Windjammers Turnéier organiséieren. Also kommt laanscht and bring the HYPE! ENERGIIAA!!!

Fir all weider Informatiounen kennt der och an eisem Facebook-Event laanscht kucken: GamingCafé September 2017!

Gitt äert Bescht a wa Froe sinn, hannerloosst eis roueg e Kommentar.

Kommt laanscht a spillt mat!

D´Crew vu videogames.lu

Leave a Reply