News

GamingCafé September 2017 Update Post 1# : Injustice 2 Tournament!

Fir dëst Editioun vum GamingCafé gëtt en Injustice 2 Turnéier organiséiert. Mir tauchen an d‘Welt vun DC Comics an d‘Injustice timeline, wou alles op d’Kopp gesat ginn ass.

De Superman ass duerchgedréint an de Brainiac gräift grad d’Äerd un. Elo brauche mir e Superheld oder Superschurke fir dat alles zum Gudden oder zum Schlechten ze wenden.

D’Umellung ass um 19:00, sur place, an den Turnéier fänkt, wéi gewinnt, um 20:00 un. Natierlech wäerten all DLC Charktere dobäi sinn a fir flott Präisser ass och gesuergt.

Fir all weider Informatiounen kennt der och an eisem Facebook-Event laanscht kucken: GamingCafé September 2017!

Gitt äert Bescht a wa Froe sinn, hannerloosst eis roueg e Kommentar.

Kommt laanscht a spillt mat!

D´Crew vu videogames.lu zesummen mat Dragon Burst Unite.

Leave a Reply