News

GamingCafé August 2017 – SmashCamp – Update Post #1:

 

Dëst Joer gëtt et keng Summerpaus! Trotz den héijen Temperaturen hu mir ons entscheet eng “light” Versioun vum GamingCafé ze maachen.

“Light” bedéit, dass ons Setups vun Iech an der Community matbruecht ginn. Dir wollt schon ëmmer eng Konsol oder e Spill matbréngen an der Community weisen? Dann ass am August de perfekten Zäitpunkt dofir! Brietspiller si weiderhin um RDC.

Wéinst der grousser Nofro vun der Smash Community, starte mer am August och de SmashCamp, méi Informatiounen op
http://videogames.lu/gamingcafe-smash-camp/ <
Domadder gëtt den éischte Stack souzesoen zum Fighting Floor, well hei ausserdeem Street Fighter IV um Programm steet!

Leave a Reply