News

GamingCafé Juli 2017 Update Post #4 – Tricky Towers

Gläich ass et souwäit wann den Samschden um 18h Dieren opginn, dann ass et Zäit fir ze zocken. Ee Contest hunn mer awer nach ze annoncéieren!
Op der Ps4 um Rdc Spille mer des Kéier Tricky Towers 1v1 am Survival modus. Probéier en mei stabillen Tuerm ze baue wei äre Géigner, oder baut schnell an d’Luucht fir un Magie ze kommen déi dir hëlleft oder dengem Géigner schued.

Umeldung ass ab 18h un an de Contest geet um 19h un. Vue dass et nëmmen op enger Statioun gespillt gëtt, leeft dat ganzt mat single elimination a Best of 3! De Spaass soll hei am Virdergrond stoen, dat heescht et ginn deen een oder anere Sloppy souwéi Gedrénks och verspillt.

 

Wien ass dann hei een Tetris Spezialist? Dëse Samschden den 22. Juli kënnt der dat um GamingCafé zu Koplescht beweisen!

 

D’Crew vu videogames.lu

Leave a Reply