News

GamingCafé Juli 2017 Update Post 2 an 3# – Guilty Gear Rev2 Turnéier an Anime Fighter Event

GamingCafé Juli 2017 Update Post 2# – Anime Fighter Event

 

Fir dëst Éditioun vum GamingCafé organiséiert de Fighting Game Corner zësummen mat der Dragon Burst Unite en Anime Fighter Event. Mir stellen 7 Statiounen zur Verfügung, wou dir folgend Games spille kënnt: Persona 4 Arena, Skullgirls, Drakstalkers Resurrection, Under Night in Birth, Chaos Code, Blazblue Central Friction a Guilty Gear Rev2.

Mir hunn niewebäi eng kleng Challenge fir dësen Event virgesinn. Dir hutt d’Méiglechkeet Punkten ze sammelen, andeems dir an deene jeeweilegen Anime Fighters, deen iech zoufällegerweis zougewise gëtt, Matcher gewannt. Genau Regelen zu dëser Challenge ginn sur place erklärt.

Deejeenegen, deen déi meescht Matcher gewënnt kritt och am Enn vum Owend e flotte Präis.

Fir weider Froen kënnt dir roueg e Kommentar hannerloossen.
D’Crew vu videogames.lu

 

GamingCafé Juli 2017 Update Post 3# – Guilty Gear Rev2 Turnéier:
Get your Gears ready and LET‘S ROCK!

Wien op Heavy Metal an Kampfspiller steet, dee gëtt fir dëst Éditioun vum GamingCafé gutt zerwéiert.

Fir den 22. Juli veranstalt neemlech de Fighting Game Corner, parallel zum Anime Fighter Event, e Guilty Gear Rev2 Turnéier am éischte Stack. Et ass déi éischt Kéier, wou d’Guilty Gear Franchise en Turnéier am GamingCafé spendéiert kritt a mir si dowéinst gespaant, wien sech hei zu Lëtzebuerg an dëser Compétioun duerchsetze kann.

D’Umellung fënnt ab 19h00 sur place statt. Den Tournoi fänkt dann um 20h00 un. Wéi ëmmer ass d’Turnéier gratis a mir hunn och flott Präisser fir déi 3 bescht platzéiert Spiller. Also gitt iech drun! ?

Wann dir nach Froen hutt dann hannerloosst eis e Kommentar!
D’Crew vu videogames.lu

 

Leave a Reply