GamingCafé Juli 2017 Update Post 1# – Splatoon 2 um zweete Stack!

Posted on Posted in News

Den 22. Juli ass nees Zäit fir de GamingCafé zu Koplescht a glécklecherweis kennt den 21. Juli och een neien Diamant op der Nintendo Switch eraus: Splatoon 2.
Mir vu videogames.lu offréieren Iech bis zu 3 Statioune wou der Iech kennt mat dem Spill Splatoon 2 ausernee setzen. Genau wei bäi Mario Kart 8 Deluxe, offréiere mer Iech um GamingCafé, dass dir kennt de LAN Modus ausprobéiere kennt. Grad mat esou Modussen ewéi de “Salmon-Run” kéint dat erëm zu Koplescht spaasseg ginn.
 
Mir hunn um 2. Stack dann och fir eis Splatoon Fans eppes Spezielles virbereet: Mir organiséieren eng kleng Tombola, wou der kennt 1 vu 4 flotte Splatoon Bléck kennt gewannen. Di eenzeg Konditioun: Dir musst Iech op eng Lescht androen! Gezu gëtt um 23 Auer.
 
Bäi weidere Froe kennt der eis an de Kommentare jo schreiwen 😉
 
Wien ass dann den 22. Juli och zu Koplescht mat senger Nintendo Switch a Splatoon 2?
 
D’Crew vu videogames.lu

Leave a Reply