News

Emfro zu den Online Events by videogames.lu!

Wéi der et di lescht Méint jo schonn op eisem Site oder um Discord matkrut hutt, si mir nees fläisseg am Gaang eis Online Presenz a Form vun Turnéieren, Ligen oder Events op Youtube ze verbesseren.
 
Mir wollten dowéinst emol Iech och froen, wat Spiller sinn, di der gäre wéilt vun eis oder mat Zesummenaarbechte mat Partnere wëllt gesinn a géifen Iech dowéinst bieden, dass der Iech 5 Minutten Zäit géift huelen an dëse Froebou ausfëllt: https://goo.gl/forms/17lDxkMYEsFS1O1h2
 
Ënnert allen Deelhueler verspille mir Sloppy Joes a Gedrénksbongen, fir um GamingCafé kenne virun ze diskutéieren.
 
Des Ëmfro, wäert bis den 20. Juli lafen 😉
 
Mir soen Iech villmools Merci an hoffen der freet Iech op weider Events, di mer fir Iech starte wäerten!
 
D´Crew vu videogames.lu

Leave a Reply