GamingCafé Update Post 2#: ARMS um zweete Stack!

Posted on Posted in News
Nodeems mer Iech gëschter schonn ee Fighting Game virgestallt hunn bleiwe mer dann och mat eisem 2. Update Post zum GamingCafé Juni, dee jo dëse Samschden de 17. Juni zu Koplescht erëm ass, an deem Fighting Domaine dran.
 
De 16. Juni launcht Nintendo ee weidert Spill op hirer Nintendo Switch, wou se jo di lescht Zäit vill dovunner schwätze gelooss hunn duerch hier Directs: ARMS.
 
Um zweete Stack offréiere mer Iech nees d´Méiglechkeet d´Spill untesten ze kennen an am 1v1 de lokale Modus och eng Kéier ze testen, wat ee jo leider net am Global Testpunch konnt maachen an ewéi gewinnt kennt dir dëst mat allen Controler-Méiglechkeete maache well mer hunn alles sur Place do.
 
Wien also nach ze onsécher ass, op en et kafe soll oder net, dee kann sech d´Spill ukucke kommen. Mir vun der Crew hoffe jiddwerfalls, dass ARMS ee Spill fir de GamingCafé gëtt, wou Leit aus Spaass géinteneen sech duelléieren a wien weess, vläicht huet dat Spill jo och kompetitive eng Chance 😉
 
D´Crew vu videogames.lu

Leave a Reply