GamingCafé Juni Update Post 1#: Tekken 7 Turnéier

Posted on Posted in News


Ewéi gewinnt presentéiere mer nees eis Update-Posts, wou mer Iech ee klenge Virgeschmaach op de nächste GamingCafé ginn, dee jo schonn nächste Samschden, de 17. Juni zu Koplescht ass.

Um éischte Stack am Fighting Corner organiséiere mir an Zesummenaarbecht mat der Dragon Burst Unite Community een Tekken 7 Turnéier. Ronn 14 Deeg nom Release si mer gespaant ewéi sech Leit verbessert hunn 😉

Umeldung fir dëst flott Turnéier ass sur place ab 19 Auer an d´Turnéier géif da géint 20 Auer gemittlech ufänken. Natierlech ewéi üblech bäi eis ass dëst Turnéierdeelnahm och gratis. Fir kleng Flott Präisser hu mer och gesuergt!

Op dëser Platz nach eng Kéier ee grousse Merci un Dragon Burst Unite Community, mat der dat ganzt organiséiert gëtt. Kuckt eng Kéier op hirem Facebook Site laanscht an ënnerstëtzt eis Fighting Game Passionanten: https://www.facebook.com/DragonBurstUnite/

Bei weidere Froe loosst eis se wëssen a stellt se eis am Facebook-Event!

D´Crew vu videogames.lu a Dragon Burst Unite

Leave a Reply