News

videogames.lu presentéiert: E3 Restream op Lëtzebuergesch mat Iech!

Geschwënn ass et erëm sou wäit: E3 zu Los Angeles steet erëm virun der Dir a genau ewéi läscht Joer kenne mir Iech haut annoncéieren dass mir zesumme mam Alpenmilch AN mat enger Partie Leit aus eiser Community dëst Event wäerten op eisem Youtube Channel mat lëtzebuergesche Commentaire restreamen: https://www.youtube.com/c/videogameslu/live
Wat dëst Joer aneschters bei eis ass: Op eisem Discord-Channel bidde mer Iech och ee Voice, souwéi Text Channel dofir. Während dem Stream wäerten eng Partie lëtzebuergesch Youtuber och am Voice Chat da sinn, dat heescht dir kennt hinnen och direkt joinen a matdiskutéieren: https://discord.gg/QM2H6J9
Di genau Auerzäite vun de Streams, respektiv Presentatiounen di mer fir Iech restreame kommen Enn vun dëser Woch an enger Timetable.
D´Crew vu videogames.lu mam Alpenmilch an all weidere Leit vun eiser Community, di bei dësem Projet involvéiert sinn.

Leave a Reply