Lanarama 2017

Posted on Posted in News

Léif Leit, mir hunn haut e bëssen eppes Aneschters ze ziele wei soss!

Den 12ten bis 13ten August gëtt zu Losheim (+-1h mam Auto) eng Lan organiséiert (PC + PS4) a mir goufe gefrot fir hei am Land e bëssen drop opmierksam ze maachen!

Dat ganzt gëtt ënnert dem Numm Lanarama organiséiert, an dir fannt op hirer Websäit www.lanarama.de all Informatiounen dozou.

Entrée ass net gratis mee et gi verschidde Packages je no Interessi. Wat kann een alles do maachen?
Et ginn Turnéiere a verschidde Spiller organiséiert (bréngt äre PC/Konsol mat)
Dir kënnt Lasertag spillen (am VIP Ticket sinn 2 Partien abegraff)
An et gëtt souguer en Retro-Eck.

Dei wichtegsten Informatioun dann zum Schluss. Teams ab 5 Mann komme mei bëlleg eran an dir kritt nach ganz aner kleng Bonien (fir Detailer muss der mat den Organisateure schreiwen 😉 ).
Wann der dat lo cool fannt, mee et ass Iech ze deier hun mer och nach eng aner Propose, mir fuere mat engem Deel vun der Crew souwisou dohin, wien also intresséiert wier matzemaachen awer nach keen Team huet, schreift eis eng Email op videogames.lu@gmail.com an dir kommt mat als Team vu videogames.lu!
Dei Offer hänkt natirlech dovunner oof weivill leit interessi weisen an wei gutt mer et organiséiert kréien, mee mir wëllen alles maache fir Iech bei äre Gaming-habbits ze ënnerstëtzen!

Zum Schluss poste mir och nach eng Kéier d´Facebook-Event heihinner: https://www.facebook.com/events/1872030159684320/

 

D´Crew vu videogames.lu

Leave a Reply