News

GamingCafé Update Post 1#: Tekken Legacy

Den 20. Mee ass et erëm souwäit, mir organiséieren no enger bëssi méi laanger Paus ewéi soss de nächste GamingCafé zu Koplescht. Ab haut annoncéiere mir nees am 2 Dagesrhythmus, wat mir sou vu speziell Eventer fir Iech organiséiert hunn!

Haut fänke mir dann direkt mat engem richteg flotten Event fir Iech un an zwar ass et Tekken Legacy, dee mir zesumme mat der Dragon Burst Unite Community am Fighting Corner organiséieren. An dësem Event kennt dir iwwert de ganzen Owend all eenzel Spiller vun der Tekken Reih Spillen. Egal op Tekken 1, Tekken 2, oder och Tekken Tag Tournaments Rei, mir hunn se alleguerten deen Owend sur Place a suergen domadder fir vläicht di eng oder aner flott Erënnerung aus der Vergaangenheet bäi Iech opzeruffen. Grad 1 Mount virum Tekken 7 Release ass dëst also eng gutt Occasioun fir sech och mat anere Leit eng Kéier ze duelléieren a gemittlech iwwert seng Passioun vun dëser Spillrei ze diskutéieren.

Leave a Reply