News

vglu Rocket League Contest, eng 2v2 Liga fir jiddwereen!

Mir si frou Iech haut eisen neiste Projet kennen ze annoncéieren, wou vill Aarbecht dran investéiert: vglu Rocket League Contest

Dëst ass eng 2v2 Liga, di iwwert 5 respektiv 6 Wochen Online ofgehale gëtt. Et ass also souzesoen den Nofolger vun der Rocket League 2v2 Pro Season, di am Ufank vum Joer ee grousse Succès bei eise Kollege vu LetzGame hat.

Ab haut starte mer mat den Umeldunge fir des Liga. An eisem Umeldungsformular fann der all wichteg Informatiounen zu eisem Contest: https://goo.gl/forms/d6RXc9bvR8uI14tx1

Dat komplett Rule-Set ass hei ze fannen: https://goo.gl/6rBrdT

Fir all weider Informatioune kuckt di nächst Deeg hei op eisem Site no ënnert der Rubrik Online Games/Events.

Umellen kennt dir Iech bis den 14. Mee! Ab dem 15. Mee geet den éischten Contest dann och schonn un!

D´Crew vu videogames.lu

 

Leave a Reply