D´Resultater vun der zweeter vglu Rocket League Night!

Posted on Posted in News

D´Rocket League Serveren hate leschte Samschde wuel net hire beschten Dag erwëscht (souguer Ënnerbriechungen am offizielle Rocket League Championship Series).
 
Während den Owend selwer an trotzdem hu mer no gutt 4 an enger hallwer Stonn d´Resultater vun der vglu Rocket League Night ewéi folgend gehat:
 
1. 11F N-Raged
2. Original Teamname
3. Elite Pandas eat Soul
 
De Lucky Loser Präiss goung un Team ParmeSun.
 
Gratulatioun un di 3 beschten Equippe vum Owend an och un de Lucky Loser. Mir soen och insgesamt deene 16 Equippen aka den 48 Spiller ee grousse Merci fir hiren Intressi an hoffe mer gesinn eis geschwënn nees an engem weideren Turnéier Owend op eisem Youtube Channel.
 
Di komplett Iwwersiicht vum Turnéier kennt der hei nokucken: http://challonge.com/vglurln2
 
De Replay vum Stream ass och ab elo disponibel: https://youtu.be/gaaa7t1uFmY
D´Crew vu videogames.lu

Leave a Reply