Gameland 2017

Posted on Posted in News

Gameland 2017 ass eng Collaboratioun tëschent deenen 2 gréissen Gaming Asbl´en aus dem Land: We Live Games an videogames.lu.
Zesummen bidden mir Iech zu Koplescht een 48 Stonnen Event an dat vum 7. Abrëll 18 Auer bis den 9. Abrëll 18 Auer.

Wat erwaart Iech op dësem Event?
-Een 48 Stonnen Stream-Plang mat Interaktiounen,
-5 grouss Turnéieren: Super Smash Bros. Melee, Super Smash Bros Wii U, Streetfighter V, King of the Fighters XIV an Tekken Tag Tournament 2.
-Divers Corners: Fighing Corner, Chill Corner, Workshops an villes méi.
-Eng Tombola, wou der kennt als Haaptpräis eng Nintendo Switch eng NES Mini a villes méi kennt gewannen
-ganz vill aaner kleng Iwweraschungen 😉

Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech och gesuergt.

Fir di Leit di net kenne 48 Stonnen um Steck kennen do sinn presentéieren mer Iech hei Timetables vun deenen 3 Deeg:

Fir méi Informatiounen kuckt um Site vum Gameland laanscht: http://gameland.live/
Wann der Froen sollt hutt, stellt de hei an de Kommentare oder kuckt eng Kéier laanscht an eisem Facebook-Event: https://www.facebook.com/events/235352403601976/

Sidd der prett fir d´Gameland ? Da kommt dëse Weekend laanscht 😉

We Live Games & videogames.lu

 

Leave a Reply