News

vglu Rocket League Night 2 – Umellungen sinn op!

Den 22. Abrëll fënnt eis zweet Online Turnéier statt! Nodeems mer am November ee grousse Succès mat Rocket League haten hu mer eis dozou eng zweet Editioun dovunner och ze maachen mee des Kéier och mat enger grousser Erneierung: Gespillt gëtt am 3 versus 3 Modus, domadder ass et dat éischt Turnéier hei am Land wat sech och mam offiziellen Rocket League “Standard” Modus beschäftegt.

Mir sinn eis der Saach bewosst, dass vläicht een net ëmmer och een drëtten Spiller huet dowéinst starten mir elo ee Mount am viraus Umeldungen, fir dass Leit genuch Zäit hunn sech op eisem Discord Channel ze treffen an mateneen Teams ze grënnen!

Umellen kennt der Iech an dësem Formular: https://goo.gl/forms/o7hdf4X6h1vWBjrQ2

De ganzen Spaass fänkt den 22. Abrëll um 20 Auer un, Umellen kennt der Iech bis 18 Auer.

Di konkret Reegelen stinn och am Umeldungsformular, bei weider Froen stinn mer zur Verfügung!

D’Crew vu videogames.lu

Leave a Reply