News

GamingCafé Februar 2017: Smash 64 Event!

Nodeems mir jo nom GamingCafé Dezember eng kleng Ausernanersetzung tëschent dem Madsplay an der Smash Community haten, huet hien eis ugeschwat op hien net kéint een Smash Turnéier à la Madsplay Rules kéint organiséiere.

Wat sinn Madsplay Rules? Ma ganz einfach, de Madsplay ass een Gamer, deen mat Super Smash Bros. op der Nintendo 64 opgewuess ass. Do gouf et eppes wat ëmmer ugeschalt war an an de rezenten Smash Spiller um kompetitiven Niveau meeschtens ausgeschalt ass: Items. Grad esou ass de Format net méi 1 géint 1. Et spillen 4 Leit géintenee, fir de gewëssen Flair vum Smash hierzestellen.

Umeldung vun dësem Event ass vun 18 bis 20 Auer den 11. Februar zu Koplescht um GamingCafé selwer. Hei nach de genauen Iwwerbléck vun de Spill Astellungen:

-Gespillt gëtt am “Vs Mode
-Rule:  Time
-Time: 5 Minutte
-VS Options:  Handicap: OFF, Team Attack: OFF, Stage: Select: ON, Damage: 100%, Item Switch: Appeareance: Middle an all Item: ON.
-Maps sinn all erlaabt. Fir de Spaass ze pushen gëtt während de 2 Partien Random gewielt.
-Charakteren sinn all spillbar.
-N64-Kontrollere wäerten sur Place sinn, wien awer nëmmen Smash64 mat sengem eegen am beschten spillen kann, kann deen och selwer matbréngen. 😉

Pro Ronn spillt dir 2 mol 5 Minutten géint är 3 Géigner. Zwëschent de Partien gëtt 2x och Resultat vum Kill-Death Ratio opgeschriwwen. Am Fall vu Gläichstand tëschent Platzen 2 an 3 gëtt eng Drëtt Ronn gespillt. Di 2 Bescht kommen an eng Winnergruppe virun, di 2 Lescht kommen an eng weider Loosergruppe virun wou se nach kennen virun spillen. Dëse System gëtt bäibehalen just dass eben bäi der Loosergruppe dann di 2 lescht vun Ronn 2 dann endgülteg aus dem Event falen. Et kann een also indirekt vun enger Double-Elimination schwätzen.

Laut Madsplay ginn et an dësem Turnéier keng Präisser. Et wäert em d’Wurscht goen aka em Zitat: “Spill, Spaass an Éier”. Mir vu videogames.lu wäerten trotzdem während dem Owend nach un di Bescht Smash 64 Spiller Iess- a Gedrénksbongen e puer verspillen.

Dir hutt virun 18-20 an nom Turnéier och d’Méiglechkeet fir bei enger klenger Challenge deelzehuelen: Am Bonus Pratice 1 muss der mam Charakter Pummelluft Scheiben zerstéieren. Opschreiwungs-Blierder wäerten virun der Statioun leien. Wien di beschten Zäit hikritt gewennt och nach eng Kéier Iess- a Gedrénksbong 😉

Bei weider Froen stinn mir zu ärer Verfügung 🙂

D’Crew vu videogames.lu

Leave a Reply